Vëlodukt-Ride – En nohaltegen, gratis Service

Vëlodukt-Ride – En nohaltegen, gratis Service
Découvrir

Ab dem 1. Juli kann ee sech op innovativ Aart a Weis zu Esch fortbeweegen. Fir eng nei an nohalteg Connectioun tëschent dem Quartier Esch-Belval an dem Escher Stadkär ze schafen, huet d’Stad Esch de Projet Vëlodukt-Ride zesumme mam CIGL ESCH an d’Liewe geruff.

Eng Bréck

Am Kader vum Escher Vëlodukt-Ride fueren Taxivëloen ab nächstem Mount vun der Brill Plaz iwwert de Vëlodukt op den Universitéits Campus Esch-Belval. Wärend enger Testphas vum 1. Juli bis den 31. August 2023 wäerten dräi Chauffeuren an dräi Taxiveloën d’Passagéier donneschdes, freides a samschdes hin an hier fueren.

Dobäi profitéiere si natierlech vun deem neie Vëlodukt deen Ufank dëst Joers ageweit gouf a suerge fir méi Mixitéit tëschent de Quartieren.

Plaz fir zwee

De Vëlodukt-Ride ass e Service vun deem Jidderee profitéiere kann. All Taxivëlo huet dobäi Plaz fir zwee Leit an den Trajet ass komplett gratis. Dobäi gëllt de Prinzip „den éischten ass vir“, dat heescht dass déi Persoun déi als éischt um Arrêt vum Vëlotaxi ass, och als éischt matgeholl gëtt. Den éischten Depart ass all Kéiers um 12 Auer Mëttes op der Brill Plaz an déi lescht um 17:15 Auer, respektiv um 17:30 Auer zu Esch-Belval.

D’Iddi ass dass op béide Plazen ongeféier all 15 Minutten e Vëlotaxi fortfiert an den Trajet ongeféier 20 Minutten dauert.

Eng Invitatioun

De Vëlodukt-Ride invitéiert also dozou déi zwee Quartieren ze entdecken, doduerch dass si méi no a virun allem op praktesch Aart a Weis matenee verbonne sinn. Sou entsteet eng praktesch Connectioun tëschent dësen zwee Polen, déi och d’Visibilitéit vun der längster Vëlosbréck an Europa erhéicht. Sou kann een zum Beispill e Shopping Tour an der Uelzechtstrooss mat engem Owend an der Rockhal verbannen.

D’Méiglechkeete sinn onendlech a virun allem elo mam Vëlodukt-Ride e gutt Stéck méi no beienee geréckelt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom