Luxembourg Beach Open 2023

Luxembourg Beach Open 2023
L'idée du weekend

28.07.2023 – 30.07.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. De Weekend erwaart Iech dann och en richtegen Escher Highlight: d’Luxembourg Beach Open invitéieren op Sport, Freed a virun allem gutt Stëmmung. De gréisste Beach Volleyball Tournoi an der Groussregioun ass natierlech ëmmer e Besuch wäert!

Freideg

De Freideg geet et da lass mam “Spuerkees After Work”. Dëst ass déi perfekt Geleeënheet fir an d’Editioun 2023 vun de Luxembourg Beach Open eranzestarten. Um Sponsor Cup trieden hei déi verschidde Sponsore géinteneen un fir erauszefannen, wien dann am Beschten um Ball ass. Natierlech suergen niewebäi zwee DJe fir déi richteg Stëmmung. Sou kann een sech dann och ganz gemittlech e Patt gënnen an dat esouguer bei fräiem Entrée.

Samschdeg

Um Samschdeg geet et da mam offiziellen Tournoi un. Vun 9 Auer moies bis 8 Auer owes ginn hei d’Bäll “geschmettert” bis zum Ëmfalen. Do ronderëm ass natierlech och esou munches gebueden an d’Visiteure kënne sech déi ganz Saach aus méi oder manner sécherer Distanz ukucken. Ab 20:00 Auer geet et da lass mat der „LBO Pitcher Beach Party“. Den LBO an de Pitcher invitéieren hei op Party bis 3:00 Auer moies mat Musek vun De Läb, DJ Dama an DJ Skit.

Sonndeg

Um Sonndeg sinn d’Finalle vum Beachvolley Turnéier. Ab 9:00 Auer moies fléien d’Bäll erëm iwwer d’Netz. Um 13:00 Auer ass de Match fir déi drëtt Plaz, um 15:00 Auer ass de VIP Match an ab 15:45 sinn dann d’Finallen, mat enger Präisiwwerreechung géint 18:45 Auer. Natierlech sinn d’Zuschauer hei häerzlech wëllkomm fir hir Ekippen unzefeieren.

All Joer erëm

D’Luxembourg Beach Open gehéiere säit der éischter Editioun 1995 fest zum Eventprogramm vun Esch a suergen all Kéiers erëm fir gutt Laun, exzellent Stëmmung an deen een oder anere sportlechen Exploit. Wie weider Informatioune brauch fënnt dës op de sozialen Netzwierker (Facebook an Instagram) oder der offizieller Websäit. Tickete fir d’Pitcher Beach Party ginn et ënnert dësem Link: https://open.oshatix.lu/lbo23/ .

Fotoen: ©Jean-Claude Adler

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom