CF Lankelz – Lieweg Geschicht op Schinnen

CF Lankelz – Lieweg Geschicht op Schinnen
Découvrir

De Veräin gëtt et säit 1997, mee eréischt 2001 ass den éischten Zuch iwwert d’Schinne vum CF Lankelz gefuer. Virdrun hu nach missten allerhand Maschinnen a Material ugeschaaft ginn an natierlech de Schinne Reseau gebaut ginn. Säitdeem suergt d’Parkeisebunn mat der Spuerbreet 7 1/4 Zoll fir Ënnerhalung fir Grouss a Kleng.

Historesch

De Jo Menster ass 20 Joer jonk a scho säit 7 Joer am Veräin dobäi. Senger Passioun fir d’Eisebunn kann hie fräie Laf loosse wann hien sech ëm all Zort vu Reparature këmmert oder d’Lokomotive steiert. „Eis Bunn huet als Virbild d‘Lokomotiven a Waggone vun der Lëtzebuerger Schmuelspuerbunn, déi an der Zäit gefuer ass“, erkläert hien. Duerch den Asaz vun all de Membere vum Veräin hale si esou e Stéck Geschicht um Liewen, wann och a méi klengem Format wéi d’Original.

Léift zum Detail

„Mat eiser bal 1 km laanger Haaptstreck an 300 Meter laanger Niewestreck, si mär déi gréissten Eisebunn vun dësem Typ aus der Groussregioun“, seet de Jo. D’Maschinne sinn och am Verglach zu anere vun där Zort méi grouss. Do kënnt dobäi, dass d’Streck mat Lëtzebuerger Signaler, elektreschen Weichen, Eisenbunnstelefon an Barrière ganz detailtrei nogebaut ass. Fir dass dat Ganzt dann och problemlos rullt, schaffen déi 24 fräiwëlleg Membere vum Veräin wärend der Haaptsaison och emol owes oder nuets un de Maschinnen oder der Bunn.

Spaass fir Grouss a Kleng

Domat ass d’Bunn vum CF Lankelz relativ eenzegaarteg an der Regioun. Dat zitt dann och grouss a kleng Eisebunnfans vun no a wäit un. „Et sinn haaptsächlech Famillen mat Kanner, sief et Leit déi an der Géigend wunnen a reegelméisseg kommen oder awer och Touristen déi eis spontan entdeckt hunn. Et kommen awer och emol Zuchenthousiasten, och mat hire Famillen, heiansdo vu ganz wäit wéi zum Beispill aus Groussbritannien“, erzielt de Jo.

Schinnen an d’Zukunft leeën

D’Bunn ass all Sonndeg vum 1. Mee bis de 15. Oktober ab 14:00 Auer fir d’Visiteuren op. De leschten Trajet fiert dann ëmmer um 17:15 Auer. De Jo a seng Ekipp si motivéiert och déi nächst Generatiounen fir dësen historesche Spaass ze begeeschteren. Nei Membere sinn dofir och ëmmer wëllkomm fir sech eng Kéier sonndes mellen ze kommen. Souguer ab 11 Joer kann een hinnen eng Hand upaken, woubäi een dann natierlech déi néideg Ausbildung vum CF Lankelz kritt.

E Plus fir de Süden

Fir Esch an Ëmgéigend ass d’Bunn vum CF Lankelz net nëmmen eng weider touristesch Attraktioun, mee och e liewegt Stéck Geschicht wat haaptsächlech vu sengen engagéierte Membere lieft. Nieft dem ville Gréngs op der Anlag, gesinn d’Leit och wéi fréier den Transport vun Persounen a Gidder hei stattfonnt huet. Wie sech also fir Geschicht, Zich oder einfach e flotte Sonndeg mat oder ouni Famill interesséiert, ass beim CF Lankelz op der richteger Plaz.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom