FerroForum – E Stéck Escher Identitéit

FerroForum – E Stéck Escher Identitéit
Découvrir

De Ferroforum ass aus der Loscht an der Necessitéit gebuer eng Plaz fir d’Kreatioun, d’Experimentatioun, d’Recherche an d’Geschicht vum Eisen a vum Stol ze schafen. Ufank 2020 huet sech dunn eng konterbont zesummegewierfelt Ekipp vu Begeeschterten aus ganz diverse professionellen a sozialen Hannergrënn zesummegedoe fir de Projet op d’Been ze stellen. Haut fënnt een si am fréieren Atelier Central vun der Metzeschmelz.

Stol an Eisen

D’Geschicht vu Stol an Eisen ass enk mat där vun Esch an och vum Lëtzebuerger Land verbonnen. Am Laf vun de Joerzéngten ass deemno immens vill Knowhow a Kultur ronderëm d’Äerzer an hir Veraarbechtung entstanen. Deel vun der Missioun vum FerroForum ass fir dësen ze behalen an och weider ze vermëttelen. „Ferroforum ass en intergenerationellen, multidisziplinären a sozio-kulturelle Lieu“, erklären de Michel Feinen an d’Do Demuth vum Ferroforum. Komplizéiert Wieder, déi awer an de konkreten Aufgabe vum Ferroforum liicht ze verstoe sinn.

Dräi Pilieren

„D’Missioun vum Ferrofum baséiert op dräi Pilieren, déi all zesummen aneneegräifen“, erzielt de Mich. Op der enger Säit gëtt et den Archivage, also d’Erhale vun Objeten, Matières Premières, Techniken, Temoignagen vun der Aarbecht mam Eisen a mam Stol. Da gëtt et nach den Atelier, deen eng lieweg Plaz soll si wou aktiv a kreativ Aktivitéite stattfannen. An zu gudder Lescht, gëtt et de soziale Volet dee sech an der Buvette erëmfënnt. Et soll net just eng Schaffplaz sinn, mee och eng Plaz wou d’Leit sech entspanen a poteren kënnen.

„Oarbechter Kiermes“

E gutt Beispill fir d’Aktivitéite vum Ferroforum ass d’Oarbechter Kiermes, déi scho muer, den 9. September 2023 stattfënnt. „Dëst ass en Event fir déi ganz Famill. Et ginn Aktivitéite fir all Alter“, erkläert de Mich. Sou fënnt een dann hei och verschidde Spiller wéi fréier op der Kiermes, déi all e bëssen eppes mam Eisen ze dinn hunn. Natierlech gëtt et och Musek, vun der Biergaarbechter Musek (LINK), an e gudde Maufel, wéi zum Beispill Panzerotti oder Gaufren déi um Holzuewe gebak ginn. Wien Zäit huet, sollt sech op allefalls Zäit huelen, dës eenzegaarteg „Oarbechter Kiermes“ ze entdecken. Och aner Events, déi mol méi oder manner fachspezifesch sinn, fanne reegelméisseg hei statt.

E Stéck Identitéit

Fir d’Do an de Mich ass de Volet vun der Identitéit, deen d‘Eisen- a Stolkultur an der Regioun huet, e wichtegen Aspekt. „Den identitätsstiftenden Aspekt ass ganz wichteg, elo wou de Quartier sech verännert“, erkläert d’Do. Effektiv entsteet um fréiere Site vun der Metzeschmelz jo en neien, grousse Wunnquartier. D’Vergaangenheet vun der Plaz, d’Leit déi fréier hei geschafft hunn, wat si gemaach a wéi si gelieft hunn, ass wichteg fir d’Identitéit vun der Regioun. „Mär wëllen eng lieweg Plaz sinn.“ Eng Plaz déi souwuel an d‘Vergaangenheet kuckt, mee och an d’Géigewaart an an d’Zukunft wou si Deel vum neie Quartier ass.

Eenzegaarteg

De Ferroforum ass eng eenzegaarteg Plaz, déi et esou nach net an der Regioun gëtt. Et ass eng Plaz wou Leit hiert Wëssen iwwert Eisen a Stol am wäite Kontext kënnen erweideren, mee och wou si et kënnen hi bréngen a weiderginn. Wien sech nach méi wäit wëll engagéieren, kann dat och gären als Benevole maachen.  „All Mënsch dee Loscht huet ass wëllkomm“, seet de Mich. Dat gëllt och am Allgemengen natierlech, fir jiddereen deen dëse spannende Projet entdecke wëll.

Fotoen: ©Romain Girtgen

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom