BlocX – Den Epizentrum vum Bouldering

BlocX – Den Epizentrum vum Bouldering
Découvrir, Sport

Am Oktober erwaart Esch e spannenden, neie Projet. D’Bouldering-Hal BlocX mécht an der Rue de Belval hir Dieren op an hei gëtt vill gebueden: Fans, Experten an Amateure vum Boudlering Sport wäerten hei op hir Käschte kommen a vill anerer och. Mee wat ass Bouldering iwwerhaapt? A Wat kann een dann elo am BlocX maachen?

E vertikale Sport

„Boulderen“ ass eng Form vu Klotersport, dee säit den 1970er Joren zum Sportklotere gehéiert. Hei gëtt u Fielsbléck oder Kloterwänn bis zu enger Ofspronghéicht vu véier Meter ouni Seel oder Gurt geklotert. Et soll een zu all Moment kënnen ofsprangen ouni sech dobäi ze verletzen. Speziell Matten ënnert de Kloterwänn suergen hei fir déi néideg Polsterung. Bei deem Ganze geet et da virun allem ëm d’Technik an drëms virbestëmmte Kloterparcoursen ze iwwerwannen.

Méi wéi Kloteren

De Mike Kaboth a seng Ekipp vu BlocX bidden awer méi wéi just e puer Kloterwänn. BlocX ass quasi e Fräizäitzentrum ronderëm d’Thema vum Boulderen. „Et gëtt e speziellen Deel fir Kanner wou si zesumme mat hiren Eltere klotere kënnen. Do geet et esouguer iwwert zwee Weeër erop op e „Balcon“ wou och nach Plaz fir si ass“, erkläert de Mike. Dobäi ass et wichteg dass d’Eltere bei hire Kanner bleiwen. Gläichzäiteg kënne si esou zesummen de Sport entdecken. E klengen Eck niewebäi wou ee kann e Kaffi drénken, suergt fir weidere Confort.

Aner Aktivitéiten

Och fir déi méi grouss si genuch „Spillsaachen“ do. Et gëtt e ganz spezielle Parcours, deen een aus Tëleesprogramme wéi „Ninja Warrior” kennt. Hei kann een esouguer fir d’Tëlee üben oder sech einfach esou defouléieren. Dës grouss Installatioun befënnt sech direkt nieft engem „Parcours“ Deel. Hei geet et drëms lafend a sprangend verschidden Hindernisser ze iwwerwannen an esou e „Parcours“ doduerch ze fannen.

Boulderen

D’Häerzstéck vu BlocX sinn awer déi vill Kloterwänn, déi een net nëmme bannen, mee och bausse vun der riseger Hal entdecke kann. „Et gi Kloterweeër a verschiddene Schwieregkeetsgraden, vun einfach bis ganz schwéier, déi duerch verschidde Faarwe gekennzeechent sinn. Dobäi wäerte mär dës zweemol d’Woch modifizéieren, sou dass een ëmmer eppes Neies entdeckt wann een erëm kënnt“, seet de Mike.

Spektakulär sinn dobäi och déi zwee Kilter Boards. Dës si Wänn mat ville Grëffer, wou een iwwert eng App e Parcours eraussicht, an dësen dann op der Wand klamme muss. An der neister Versioun ginn déi néideg Grëffer dann och duerch LED Luuchten ugewisen.

En Ausfluch derwäert

Och fir Amateuren, oder Persounen déi nach ni gebouldert hunn, ass BlocX e Besuch wäert. Net nëmme bidden déi verschidde Schwieregkeetsgraden eppes fir jiddereen, mee et kann een och mat der ganzer Famill zesumme klammen a kloteren. Dobäi kënnt nach e Bistro mat grousser Fënster, wou ee kann eppes iessen oder drénken a gläichzäiteg de Sportler nokucken, e Shop suergt fir déi néideg Ausrëschtung oder Goodies, e Fitness Beräich fir e klenge Workout ass och do an eng Rei Räim kënne gelount gi fir Yogacoursen zum Beispill.

E flotte Bonus ass déi komplett energeetesch Autonomie vun der Hal. „Eng Photovoltaik Anlag um Daach an eng Wärmepumpe Installatioun suerge fir all déi néideg Energie“, erzielt de Mike. Fir d’Erëffnung vu BlocX, kann ee momentan nach en exklusiven Lifetime Abo kréien fir 69€ pro Mount. Anerwäerts kascht en eenzelnen Entrée 15€.

Et ass eng lass

De 16.Oktober ginn d’Diere vu BlocX op an de Mike ass gespaant op déi éischt Deeg. „Et ass déi éischt an eenzeg speziell Boulder Hal hei am Land an dobäi gëtt et och vill aneres ze entdecken“, seet hien. Et wäert gläichzäiteg och déi gréissten esou Hal an der Groussregioun sinn. Direkt am Dezember stinn dann och scho Championnater an der BlocX Hal un, inklusive oppener Kompetitioun a Plaz fir Spectateuren. Et gëtt also spannend zu Esch wann „d’Haaptstad vum Minett“ sech an den Epizentrum vum Bouldering verwandelt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom