Déco D’Ailleurs – Eppes Eenzegaarteges entdecken

Déco D’Ailleurs – Eppes Eenzegaarteges entdecken
Shopping

Déco D’Ailleurs ass ee vun den neiste Geschäfter zu Esch an huet eréischt virun e puer Wochen seng Dieren opgemaach. D’Sofia Pereira war virdru mat sengem Konzept scho mat groussem Erfolleg am Pop-Up zu Esch a bitt elo op Dauer an der Uelzechtstrooss virun allem villfälteg Dekoratiouns-Objeten, Miwwelen an nach méi un.

E Changement

Wéi esou vill Leit huet och d’Sofia wärend der Covid Zäit no engem Changement gesicht. Deen ass dunn a Form vun engem Online Buttek komm, deen hatt gegrënnt huet fir senger Passioun nozegoen. No an no ass dësen och gutt gelaf an d’Sofia huet eng Demande gemaach fir am Pop-Up zu Esch seng Artikelen ze verkafen. Nach den nämmlechten Dag krut hatt eng Äntwert. „Dat war eng super Experienz, och well d’Leit vum Pop-Up immens hëllefräich a léif waren déi ganzen Zäit“, erzielt hatt.

Eng gutt Saach

Nodeem dat am Pop-Up du gutt gelaaf ass, huet hatt decidéiert op Dauer e Geschäft op ze maachen, dëst mat Ënnerstëtzung vun der Escher Gemeng. Deemno verkeeft d’Sofia elo säit Mëtt November an der Uelzechtstrooss seng Artikelen: Dekoratiounsobjeten, Miwwelen, Tasen, Telleren, an allerhand aner Objeten déi hatt direkt bei de Produzenten oder Handwierker akeeft. „Dëst sinn oft handgemaach a limitéiert. Dat heescht wann een hei eppes keeft, kann et sinn dass soss keen dat huet“, erkläert hatt.

E gudden Ufank

Och wann et eréischt e puer Woche sinn, ass den Echo vun de Leit bis elo ganz positiv. „Vill Leit komme schnupperen a kucke wat ech esou verkafen. D’Escher sinn och oft houfereg dass ech hei mäi Geschäft opgemaach hunn, an net anzwousch anescht“, seet d’Sofia. Wann d’Leit elo nach méi oft eppes kafen, dann ass hatt och nach méi glécklech. Besonnesch elo fir d’Feierdeeg fënnt ee bei Déco D’Ailleurs ganz flott Cadeaue fir all Goût. „Et ginn Objete vun all Präis a fir all Portmonni“, seet hatt.

Ëmmer erëm Neies

Fir dass d’Clienten ëmmer erëm Neies bei him entdecke kënnen, geet d’Sofia reegelméisseg op Foiren am Ausland. Hei bidde Fabrikanten, Handwierker a Kënschtler hir Produiten un. Déi Saachen déi am Sofia am beschte gefalen an déi et oft just a limitéierter Zuel ginn, keeft hatt da fir a sengem Geschäft weiderzeverkafen. „Et sinn alles Saachen déi mir och perséinlech gefalen“, seet hatt. Et mécht also definitiv Sënn ëmmer nees bei him eranzeluussen fir nei Artikeln ze entdecken.

Engagement

Mat vill Engagement a Passioun huet d’Sofia säin online Shop an elo och säi Buttek zu Esch an d’Realitéit ëmgesat. Wann een eppes méi Grousses keeft, da bréngt d’Sofia dat esouguer no Feierowend laanscht fir dass een net mat engem rise Pak muss duerch Esch lafen. Dëst awer nëmmen, wann een net ze wäit ewech wunnt. Wien also interesséiert ass sollt am Beschten am Déco D’Ailleurs laanschtgoen. D’Sofia freet sech drop!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom