Eisen Tipp fir de Weekend: Mat gudder Musek an d’neit Joer

Eisen Tipp fir de Weekend: Mat gudder Musek an d’neit Joer
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. D’Feierdeeg sti virun der Dier a vill Leit freeën sech dorop eng gutt Zäit mat hire Léifsten ze verbréngen. A wat gëtt et besseres wéi e bësse Musek fir dat Ganzt nach méi festlech ze gestalten. Mär stellen Iech hei e puer Concerte vir, mat deenen Där an den nächsten Deeg bis an d’neit Joer erafeiere kënnt.

Um Escher Krëschtmoart

Den 22. Dezember gëtt um Escher Krëschtmoart nach eemol fir richteg Stëmmung gesuergt. Vu 16:00 bis 17:30 Auer ass d‘Band Stelise um Start déi mat hirer Mëschung vun alternativem Rock mat trip-hop Aflëss iwwerzeegt. Kuerz duerno, vun 18:00 Auer bis 19:30 ass dann den DJ Raymond un de „Plackespiller“ ze héieren. Do wäert deen een oder anere sécher d’Danzbee schwéngen an um leschte Freideg virun de Feierdeeg an de Weekend era feieren.

Natierlech kann een och nach eng lescht Kéier déi vill kleng Shops, dat gutt Gedrénks an d‘Iesse vum Escher Krëschtmoart 2023 entdecken.

Belval Christmas Place

Och um klenge Krëschtmoart zu Esch-Belval ënnert den Héichiewen, fannen zwee spannend Concerte statt. A flotter Atmosphär, ëmginn vun der schéiner Dekoratioun, kënnt Där hei den 20. Dezember „Blue-Ish“ entdecken. Begleet vu senger Gittar, spillt Blue-ish eng Rei Covere vu bekannten Indie, Folk a Pop Lidder sou wéi e puer vu sengen eegene Lidder. Den Dag drop, den 21. Dezember, suergt dann den DJ Kojeck fir d’Musek.

Hei kann een sech a gutt Stëmmung bréngen, fir duerno op e Patt oder e Maufel z’iessen an engem vun de ville Restauranten oder Baren zu Esch-Belval den Owend ofzeschléissen.

Rockhal

An der Rockhal kënnt een dann och nach um Enn vum Joer op seng Käschten. Déi bekannt Coverband „Letz Zep“ spillt, jo den Numm verréit et schonns, d’Lidder vu Led Zeppelin no. Genau wéi d’Original Band sinn si weltbekannt a gi vun hire grousse Virbiller och emol op offiziell Fanevents agelueden, wann se net grad weltwäit op Tour sinn. Fir Fans vu Led Zeppelin oder The Doors en absolutte Muss, well och „The Doors Authentic Tribute“ Band spillt deen Owend um Concert.

De perfekten Owend also fir Fans vu rockege Klassiker. Et ginn esouguer nach Ticketen.

Conservatoire

De 26. Dezember dann, kann een sech eng absolut musikalesch Delikatess gënnen. D’Brass Band vum Conservatoire spillt hiren traditionelle Concert de la Saint-Etienne an dëst mam Selina Ott. Mat senger Trompett ass d’Selina eng bekannte Gréisst an op de bekanntste Büne vun der Welt doheem. De Concert fënnt an der Église décanale St. Joseph statt, e spezielle Kader mat enger impressionanter Akustik.

E Rendezvous also, deen et net ze verpasse gëllt, besonnesch fir d’Amateure vun der klassescher Musek.

E kréinenden Ofschloss

D‘Concertsjoer 2023 schléisse mär dann am neie Joer of, an zwar den 1. Januar mam Concert de Nouvel An vum Escher Theater. De Gast Waltzing invitéiert op e speziellen Owend zesumme mam London Community Gospel Choir. Si suergen zesumme fir eng eklektesch Mëschung vu Stiler – mat afrikaneschen Aflëss an kierchlechen Hymnen decken si all zäitgenëssesch Stiler of. Vu Blues, Klassik, Rock a Jazz bis bei Soul an R’n’B ass alles dobäi. Wien dat nach net erlieft huet, sollt sech et op kee Fall entgoe loossen.

Egal fir wéi ee Concert Där Iech entscheet oder ob Dir einfach Doheem e puer Lidder sangt oder lauschtert, den Escher Blog wënscht Iech op allefalls schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’neit Joer.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom