Swimming Club ERA – Am Waasser doheem

Swimming Club ERA – Am Waasser doheem
Sport

De Swimming Club ERA gouf 1925 op der Grenz gegrënnt a bezitt säin Numm vun den dräi Uertschaften Esch, Russange an Audun-le-Tiche. D’Cindy Hansen ass dem Veräi mat 6 Joer bäigetrueden, huet all d’Altersgruppen duerchlaaf an ass nodeems hatt Trainerin war, schliisslech Presidentin ginn. Mat vill Passioun erzielt d’Cindy vu sengem Schwammveräin.

Eng laang Geschicht

Fréier war de Swimming Club ERA op der Grenz aktiv, do wou d’Schwämm fréier war. Mat senger Grënnung 1925 zielt en ausserdeem als den zweet-eelste Schwammveräin zu Lëtzebuerg. An der Zäit hat de Club nieft de Schwëmmer och eng Waasserball Sektioun, déi et awer haut net méi gëtt. Dofir kënne säit 2023 och Masters an der ERA trainéieren a mëttlerweil och u Coursen deelhuelen.

Eng Famill

Fir d’Memberen ass d’ERA awer net just e Sportsveräin, mee eppes wéi eng grouss Famill. „Et ass eng Méiglechkeet Sport a Kolleegen ze verbannen an nei Frëndschaften ze entwéckelen“, seet d’Presidentin. D’Cindy selwer war am Ufank net sou begeeschtert vum Schwammsport an huet mat der Zäit awer seng Léift fir de Sport entdeckt. „Et huet sech sou entwéckelt, dass schwamme mär wierklech Spaass gemaach huet an ech meng Zäiten ëmmer weider wollt verbesseren, respektiv och mat Kolleegen zesummen trainéiere wollt“, erzielt hatt.

D’Jugend

Spéider ass d’Cindy dunn an den Trainerberäich erakomm an huet entdeckt, dass hatt och Spaass dorun huet säi Wësse weidervermëttelt. Insgesamt mécht de Swimming Club ERA vill am Beräich Jugendaarbecht. Scho fir Kanner vu véier Joer gëtt et eng Schwammgrupp, déi ganz spilleresch un d’Waasser erugeet a lues a lues d’Schwammen erabréngt. E grousse Fokus läit, besonnesch am Jugendberäich, och um Fairplay an dem Respekt vis-à-vis vun de Konkurrenten an alle Membere vum Team.

Aktiv

Och ausserhalb vum Baseng sinn d’Schwëmmer reegelméisseg aktiv. Sou sinn si zum Beispill ëmmer am Cortège vun Nationalfeierdag vertrueden, huelen un der Nuit du Sport deel oder grille beim Cactus Lalleng. Ënnert sech maachen d’Sportler dann och reegelméisseg eppes. Dobäi sinn si ëmmer oppe fir nei Memberen am Veräin opzehuelen. „Et kann een ëmmer zwee bis dräimol mat trainéiere kommen a kucke wéi et engem gefält bis een sech umellt“, erkläert d’Cindy.

Zu Esch doheem

D’Cindy selwer ass zu Esch doheem, och wann hatt säit kuerzem net méi do wunnt. Och de Veräi verdankt der Stad Esch vill, net nëmmen duerch d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng, mee och well de Veräin hei doheem ass, an natierlech vill Membere vun Esch oder aus der Ëmgéigend kommen. Wie sech also fir de Schwammsport interesséiert, egal vu wou een ass, deen ass am Swimming Club ERA häerzlech wëllkomm. All Altersgrupp ass hei vertrueden a wou besser seng Zäite verbessere wéi beim traditiounsräiche Schwammveräi vun Esch?

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom