Céline in the Kitchen – Mat Leidenschaft um Wierk

Céline in the Kitchen – Mat Leidenschaft um Wierk
Gastronomie

D’Céline Lacroix wollt eigentlech net an der Gastronomie schaffen, obwuel hatt aus enger Famill vu Käch kënnt. Nodeems hatt dunn Comptabilitéit studéiert hat an eng Rei Joren am Audit geschafft huet, huet d’Céline gemierkt dass seng Leidenschaft vläicht awer an der Kiche läit. Säit zwee Joer elo ass d’Céline selbstänneg an invitéiert zu Esch a seng Kichen.

Céline in the Kitchen

Wat als éischt eng privat Passioun war, huet d’Céline domat zu sengem Beruff gemaach. Säit September 2023, kann een am „Céline in the Kitchen“ zu Esch seng séiss oder salzeg Kreatioune schmaachen. Virdru war hatt mat vill Succès wärend néng Méint an engem Pop-Up zu Déifferdeng. Duerno huet d’Céline no enger fester Plaz gesicht an ass schliisslech zu Esch gelant: „Ech hu mär vill verschidde Plazen ugekuckt an dës huet mär gutt gefall. Ech war vum Pop-Up Esch kontaktéiert ginn, déi mech drop higewisen hunn dass dëst Lokal géing fräi ginn“, erzielt d’Céline.

Kreatiounen

Dem Céline seng gastronomesch Kreatiounen si villsäiteg. Engersäits kritt ee bei him eng spannend Selektioun u Kuchen. Dës ginn et mat verschiddene Goûten a Crèmen, an oft sinn se och esouguer vegan oder ouni Gluten. „Dat ass ganz beléift, well dat gëtt et net esou oft“, seet hatt. Dat ass awer net alles. Och fir d’Mëttegiessen, bitt d’Céline all Dag e Plat un. Dëse wiesselt vu Woch zu Woch: mol ass et gemëscht Bowl mat Geméis oder eng Zopp. Bal ëmmer sinn seng Platen dobäi vegetaresch.

Brunch a Spezialitéiten

Zwee bis dräi mol am Mount, invitéiert d’Céline sonndes op e Brunch. Dëst ass bekanntlech en Iessen tëschent dem „Breakfast“ moies an dem „Lunch“ mëttes. Hei iwwerrascht d’Céline seng Clientë gären, déi oft ëmmer erëm zeréckkommen. Et muss hinnen also gutt schmaachen. Vu senge ville Spezialitéiten, sinn der e puer ganz beléift bei de Clienten: de Spekuloos Cheesecake, d’Bowls déi hatt mécht, seng Gnocchien an e speziellen Toast mat enger Ricotta Parmesan Crème. Vun Zäit zu Zäit organiséiert d’Céline och Workshoppen, wou een säin eegene Kuch kann zesummestellen.

Zu Esch ukomm

No e puer Méint ass d’Céline scho richteg zu Esch ukomm. „Ech fille mech ganz wuel hei a kéint mär och virstellen heihinner wunnen ze kommen. Et huet e richtege Stad-Feeling wou ee vill kann ze Fouss oder mam Vëlo maachen“, seet hatt. De ville Passage an déi gemëschte Clientèle gefalen him och gutt. Wien also eppes Neies wëll schmaachen, egal ob séiss oder salzeg, dee sollt emol beim Céline a senger Kiche laanschtgoen. E Besuch lount sech.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom