Internationalen Dag vum Fraesport – Esch engagéiert sech

Internationalen Dag vum Fraesport – Esch engagéiert sech
Sport

Am Januar fënnt uechter d’Land fir déi éischte Kéier e grousse Programm mat Evenementer statt, dat sech ronderëm d’Journée internationale du sport féminin dréit. Hei geet et drëms d‘Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer am Sport zu Lëtzebuerg ze promouvéieren. Och Esch ass hei mat dobäi an organiséiert eng Rei spannend Evenementer déi e Besuch wäert sinn.

Chancëgläichheet am Sport

Vill Studië weisen dass de Fraesport net am selwe Mooss representéiert gëtt, wéi de Männersport. Dofir sollen et vill verschidde Grënn ginn. Op ville Plaze gëtt nach emmer erwaart dass Fraen sech méi ëm d’Kannererzéiung këmmeren wéi d‘Männer, sou dass manner Zäit fir Sport iwwreg bleift. Des Weideren ginn et fir vill Sportaarten nach ëmmer Stereotyppen se wieren éischter e Männersport, wat besonnesch jonk Meedercher ofschreckt.

Och an de Medien sou wéi an de Direktiounen a Comitéë vum Sport, si Frae manner vertrueden.

Sensibiliséieren

Am Kader vum internationalen Dag vum Fraesport, de 24. Januar, hu sech eng Rei Lëtzebuerger Gemengen zesummegedoe fir zu dësem Thema ze informéieren, ze sensibiliséieren an ze motivéieren. Zesumme mam Conseil National des Femmes du Luxembourg an enger ganzer Rei lokaler Institutiounen a Veräiner, ass esou dësen éischten Evenement fir de Januar 2024 entstanen.

De Programm

An de verschiddene Gemenge ginn divers Aktivitéiten organiséiert, déi deels sollen zum Thema sensibiliséieren, deels d’Fraen a Meedercher un de Sport eruféieren. Zu Esch fënnt den 23. Januar d’Projektioun vum Film „Um Ball – 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg“ am Kinosch an der Kulturfabrik statt – dëst zesumme mat enger Table Ronde kuerz duerno, ënnert dem Titel „Fraefussball zu Lëtzebuerg: Wou sti mir a wou gi mir hin?“.

Jidderee kann hei gratis deelhuelen a muss sech just am Viraus per Email op egalitedeschances[AT]villeesch.lu umellen.

De 27. Januar vun 10 Auer moies bis 14 Auer mëttes, kann een am Centre Omnisport Henri Schmitz d’Ateliers découverte „Le Sport au féminin“ entdecken. Hei kënne Fraen a Meedercher verschidde Sportaarte kenneléieren a se unteste fir ze kucken ob se engem gefalen. Boxen, Fechten, Fussball a vill aner Aktivitéite stinn hei um Plang.

Och hei ass d’Participatioun gratis an et muss ee sech just per Email op sport[AT]villeesch.lu umellen.

Staark zesummen

No dem Ausschaffe vun engem kommunale Plang fir d’Egalitéit tëscht Männer a Fraen am Sport, mécht Esch sech also elo zesumme mat den anere Gemenge staark fir méi Gläichberechtegung a am Sport a fir de Fraesport zu Lëtzebuerg no vir ze dreiwen. Aktuell hunn 13 Escher Sportsveräiner och d‘Charte Égalité des femmes et des hommes dans le sport ënnerschriwwen a sech domadder fir méi Gläichberechtegung an hire Veräiner engagéiert.

Mat der Entwécklung vun dëser Charte, déi duerch d’Adhésioun vu weidere Gemengen eng national Envergure kritt, huet Esch eng Virreiderroll am Beräich Fraesport zu Lëtzebuerg iwwerholl. Am selwechte Kontext gëtt dann och um Escher Gala sportif e Präis iwwerreecht fir Sportsveräiner déi sech an dem Beräich besonnesch engagéieren.

Zesumme kënne si, a mär alleguerten, esou en Deel dozou bäidroen a fir méi Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer am Sport suergen. Weider Informatione fannt Där op: www.egalitesport.lu

Fotoen: CS Fola Esch – ©Albert Krier / ©Handball Esch / Espérance Esch – ©Ralph Weber (Raw Pictures), ©Noêl VO (Gymnastic Pictures Luxembourg)

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom