Eisen Tipp fir de Weekend: „Forêt mystérieuse“ vum Manon Bouvry

Eisen Tipp fir de Weekend: „Forêt mystérieuse“ vum Manon Bouvry
L'idée du weekend

12.01.2024 – 01.02.2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. An der Konschtgalerie vum Escher Theater entdecke mär dës Kéier eng mysteriéis Ausstellung: „Forêt mystérieuse“ vun der Kënschtlerin Manon Bouvry.

D‘Natur am Bléck

D’Manon Bouvry huet an der Belsch op der Académie des Beaux-Art de Tournai studéiert, méi genau an der Sektioun „peinture“. No senge Studien huet d’Manon sech an der Province de Luxembourg néiergelooss wou hatt vill Inspiratioun an der Natur ronderëm sech fënnt. Dës Natur ass dann och de Fokus vu senger Konscht a méi spezifesch vu senger Ausstellung am Escher Theater.

Am klenge Format

D’Kënschtlerin schafft hei mat Crayon a Molerei a wëll beim Betruechter Emotiounen ervirruffen. D’Connectioun tëscht dem Visiteur an dem Wierk ass wichteg, fir déi néideg Déift vum Bild ze erliewen. Dës Connectioun an d’Introspektioun gëtt och duerch dat klengt Format vun de Biller verstäerkt. Et muss ee ganz genau hikucken a sech konzentréieren, sou dass e méi déiwe Lien zu senger Konscht entsteet.

Wéini a wou?

D’Ausstellung „Forêt mysterieuse“ kann een nach bis den 1. Februar an der Konschtgalerie vum Escher Theater besichen. Dës ass vun dënschdes bis samschdes op, an dëst ëmmer vun 19:00 bis 21:00 Auer. Den Entrée ass gratis. Méi Informatioune fannt dir hei: https://my101.lu/ZKZrhCkrT

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoe: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom