Chiche! – En Dësch voller Iessen

Chiche! – En Dësch voller Iessen
Gastronomie

Den Escher Blog: Wat ass de Chiche?

Marianne Donven: „D’Konzept vum Chiche! ass am Fong fir Migranten a Refugiéeën eng Aarbechtsplaz ze schafen. Mär hunn elo véier Restauranten a 55 Mataarbechter aus iwwer 20 verschiddene Länner. Am Chiche! geet et drëms hinnen ze hëllefen sech iwwer d’Aarbecht an eiser Gesellschaft ze integréieren.“

“Wärend der Aarbecht léieren d‘Migranten a Refugiéeën och d’Sprooche méi séier wéi wann si just an e Cours ginn, wat e grousse Virdeel ass. De Gros vun de Leit déi bei eis ufänken huet nach ni an engem Restaurant geschafft gehat, dat heescht mär si wierklech dorop spezialiséiert Leit un de Beruff erunzeféieren. Oft ass et och esou dass mär Leit op enger Plaz fir d’éischt emol testen a wa mär mengen se hätte vläicht aner Kompetenzen da probéiere mär se op enger anerer. Da kann et alt emol sinn dass een an der Kichen ufänkt an duerno am Service schafft oder ëmgedréint.”

Den Escher Blog: Wéi huet de Chiche! sech an de leschte Joren entwéckelt?

Marianne Donven: „Am Moment hu mär 4 Restauranten: um Lambertsbierg, zu Esch, Leideleng an elo am Mee nach Bouneweg. A mär schaffe schonn um fëneften. Ech hunn immens vill CVen déi d’Office Sociauxen aus dem ganze Land an och Associatiounen, déi mat Refugiéë schaffen, mär all Dag zoukomme loossen. Ech probéieren ëmmer nach méi Aarbechtsplazen ze schafe fir nach méi Leit ze hëllefen.“

Den Escher Blog: Wat erwaart d’Clienten am Chiche?

Marianne Donven: „Et kritt een eng ganz Rei Mezzeën, iwwer Hummus, Mutabal, Taboulet; alles Saachen déi een och ganz flott deele kann, wann een zu méi kënnt. Dann ass den Dësch voller schéiner, faarweger, klenge Platen. Et kritt een awer och ganz gutt gegrillte Fleesch, Brochetten – Pouletsbrochetten, Gehacktesbrochetten an aner libanesesch Spezialitéiten. Eng besonnesch Spezialitéit vun eis ass dann och d‘Falafel. Dat ass jo op Basis vu Kichererbsen, pois chiche, dohier kënnt och den Numm Chiche!, well mär där esou vill verbrauchen.“

„Wat am Flottsten ass wann een am Grupp ass, ass déi Formule ze huelen déi mär „a table full of food“ nennen. Dat kritt een einfach eemol alles an da kann een dat alles deelen, dat ass immens convivial an eng ganz flott Manéier fir z’iessen. Mär schwätzen eigentlech ëmmer vu libanesescher Kichen, mee am Fong ass et e syresche Restaurant. D’Cheffen déi d’Rezepter ausgeschafft hunn si Syrer, mee d’Leit kënne sech méi ënner libanesescher Kiche virstellen, well dat e bekannte Begrëff ass.“

Den Escher Blog: Wat ass um Decor am Chiche! speziell?

Marianne Donven: „Am Chiche! bezuele mär léiwer Salairen, wéi deier Miwwelen. Dat heescht mär schaffen nëmme mat Recup. Mär maachen Upcycling an huelen al Miwwelen déi mär benotzen. De Restaurant zu Esch ass ë bësse speziell. Well mär kuerz virun der Kulturhaaptstad Esch2022 opgaange sinn, fëent een hei eng Mëschung aus Vintage a Street Art. Dofir gesäit et zu Esch e bëssen anescht aus wéi an deenen aneren Chichen!.“

Den Escher Blog: Wat mécht de Chiche! soss nach Spannendes?

Marianne Donven: „Mär liwwere ganz vill. Fir Familljefester, fir Betribsfeieren, do stelle mär och ganz flott libanesesch Buffeten op. Mär liwweren awer och normal Heem iwwer goosty.lu, mee wann een e Gebuertsdag doheem huet mat 10 Leit oder méi, da kënne mär de Catering maachen. Mär setzen dann e ganz schéine Buffet op mat Keramikschosselen, ganz schéin dekoréiert. D’Leit sinn ëmmer begeeschtert. Ausserdeem kann een de Chiche! och privatiséiere wann een elo e Fest huet fir 50 Leit oder esou. Souguer méindes, wou mär normalerweis zou sinn, hu mär scho fir Firmae privatiséiert. Awer och aner Owenter. Bei eis ass alles méiglech.“

Den Escher Blog: Hutt Dir, ausser dem Chiche! natierlech, zu Esch nach eng Liblingsplaz?

Marianne Donven: „Ech war am Hariko zu Esch, mee du leider net méi wéi si an de Bâtiment 4 geplënnert sinn. Ech war awer an Tëschenzäit schonn e puer mol op Ausstellungen do. Mär hunn och schonn e puer mol kulturell Eventer do de Catering gemaach. Déi Plaz fannen ech ganz flott. Dat ass eppes wat mech immens interesséiert, déi Tiers Lieuxen, wou een aus engem ale Gebai wat am Fong keng Utilitéit méi huet erëm en neien Universum schaaft.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom