The Revival – D’Konsequenze vum Konsum entdecken

The Revival – D’Konsequenze vum Konsum entdecken
Le saviez-vous?

Mëtten an der Uelzeschtstrooss fënnt een net nëmme Butteker, Restauranten a Caféen, mee säit dem 1. Februar och eng prägnant Ausstellung: The Revival. Organiséiert vun der Caritas Lëtzebuerg, hirem Service „Plaidons Responsable“ an der Organisatioun „The Revival“ aus dem Ghana, dréit sech hei alles ëm d’Konsequenze vum Konsum. D’Hannah Lam an d’Sophy Joly, alle béid vu Caritas Lëtzebuerg, erkläeren ëm wat et hei geet.

Ze vill ewech gehäit

Méi genau geet et an der Ausstellung ëm den Impakt vun eisem Konsum vun Textilien op e Land wéi Ghana. Wat geschitt mat eisem Gezei wa mär et ewech geheien? Wou kënnt Gezei hinn dat mär spenden? A wat geschitt op deene Plazen domat? Genau mat deene Froe beschäftegt sech d’Ausstellung „The Revival“ an der Uelzechtstrooss.

D’Ausstellung dréit ausserdeem den Ënnertitel „The Return“, wëll se scho virdrun eemol zu Lëtzebuerg ënnerwee war.

Upcycling

No engem Tëschestopp an de Fashionmetropole London a Paräis, huet „The Revival“ hir Ausstellung elo zu Esch opgeriicht. The Revival ass och den Numm vun der Organisatioun déi am Ghana selwer mat Artisten, Fashion Studenten an hirer Communautéit zesumme schafft fir aus dem ale Gezei nei, verwäertbar Kleeder ze maachen. Den Zoustand vu villen Textilien déi bei hinnen ukommen, ass nämlech net ëmmer dee beschten. Vill aner Organisatiounen zéien sech virdru schonn déi gutt Saachen eraus, ier d’Gezei dann am Ghana ukënnt.

The Revival mécht sech awer net nëmme mat hirem lokalen Upcycling am Ghana un d’Problematik erun, mee och duerch hir international Sensibiliséierungs-Aarbecht.

Eng Onmass

Et ass nämlech eng Onmass vu Gezei wat bei hinnen ukënnt. Ghana ass quasi zum Tipp vun der sougenannter „Fast Fashion“-Industrie ginn, also déi Zort Fashion déi bëlleg produzéiert gëtt an deemno och oft schnell ewech gehäit gëtt vun de Leit. All Dag komme ganzer 160 Tonnen Textilien am afrikanesche Land un, wat ongeféier 800 Milliounen eenzele Kleedungsstécker entsprécht. Dass dëst net gutt fir de Ghana, seng Awunner an natierlech fir d’Ëmwelt ka sinn, läit op der Hand.

Baséierend op der Recherche vu Caritas, kann een esouguer de genaue Parcours vun den Textilien, déi hei zu Lëtzebuerg entsuergt ginn, gewuer ginn.

Ausstellung

D’Ausstellung an der Uelzechtstrooss mécht op beandrockend Aart a Weis op dëse Phänomen opmierksam an ziilt dorop of d’Leit dobaussen ze sensibiliséieren. Unhand vun impressionante Fotoen an engem Kuerzfilm, kann een sech hei en Androck vun der Problematik maachen. Sou réckt „The Revival – The Return“ an der Uelzechtstrooss den Impakt vum Textiloffall an d’Liicht, genau sou wéi déi innovativ Léisung vun de Leit op der Plaz an d’Responsabilitéit vun de Konsumenten zu Lëtzebuerg.

Wéini a wou?

Vum 1. Februar bis den 11. Mee kann een d’Ausstellung um 69 an der Uelzechtstrooss besichen, ëmmer donneschdes bis samschdes vun 11:00 Auer bis 18:00 Auer. Wie méi wëll gewuer ginn, kann sech och fir een oder méi vun hiren Eventer umellen. Sou kann een zum Beispill de 24. Februar eppes iwwer ëmweltfrëndlech Botzproduite léieren, zesumme mat „Missbak“.

Weider Eventer an Informatiounen, fënnt een och um offizielle Site vun „The Revival – The Return“: https://www.thechangestartswithyou.lu/therevivalexpo

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom