Babbocaffè – Tëschent Aroma an Innovatioun

Babbocaffè –  Tëschent Aroma an Innovatioun
Gastronomie, Shopping

De Babbocaffé gehéiert sécherlech zu engem vun de grousse Succèsen zu Esch wat kleng Betriber mat innovativen Iddien ugeet. Mat sengem selwer geréischterte Kaffi a sengem gemittleche Lokal mat grousser Terrasse, huet de Saro Pica den Nol op de Kapp getraff. Am Interview erzielt hien eis iwwert Babbocaffè, seng Evolutioun a seng Pläng fir d’Zukunft.

Den Escher Blog: Wat ass (de) Babbocaffè?

Saro Pica: „U sech ass et e Konzept mat op der enger Säit der Torréfactioun an dem Verkaf vu Kaffi, dat heescht ech importéieren de Kaffi réi an ech réischteren en op der Plaz. Dee verkafe mär dann u Particuliers, ganz vill un den HORESCA Secteur an och Büroe wou mär liwweren. Voilà, an déi aner Säit ass dann de Coffeeshop wou een alles ka schmaachen, eben och mat Milkshaken, Cappucino, Lattè Macchiato, Téi drénken, e Stéck Kuch iessen a sou weider.“

Den Escher Blog: Wéi huet de Babbo sech an de leschte Joren entwéckelt?

Saro Pica: „D’Clientèle gëtt ëmmer méi grouss, besonnesch wat „business-to-business“ ass. Bei de Particuliers hu mär natierlech eng trei Clientèle vum éischten Dag un, mee all Joer kommen nei Leit dobäi, zum Beispill Schüler a Studenten. Mär hunn eng kleng Kichen ageriicht, wou mär jee no Saison dann emol Zoppe maachen, kleng Croque Monsieuren oder Panzerotti. Freides a samschdes gëtt et ëmmer Kuch. Et ginn och ëmmer nei Gedrénks wou mär maachen a mär hunn och elo eng Schanklizenz, dat ass och nei.“

„Besonnesch am Summer, drénken d’Leit dann emol e Béier, en Apérol Spritz oder e Cocktail op eiser Terrass. Dat kënnt virun allem duerch d’Demande vum Client, well ech gemierkt hunn dass d’Leit esou um fënnef Auer ëmmer gaange sinn, well si da Loscht haten e klenge Pättchen ze drénken. An dobäi hu mär eng vun deene schéinsten Terrassen zu Esch – menger Meenung no – mat de Jardins éphémères déi mär hei hunn. Et ass ewéi eng kleng Oas am vollen Zentrum.“

Den Escher Blog: Gëtt et eppes wat dech iwwerrascht huet an de leschte Joren?

Saro Pica: „Also wann ech kucke wéi ech mär dat virgestallt hat, dann ass et net genau esou komm. Ech hätt mär nimools virgestallt dass ech fir de Coffeeshop esou vill Leit géing kréien an esou vill Demande do wier, fir bei eis op der Plaz ze consomméieren. Dofir schaffen ech och mat där Wanterterrass, déi mär all Dag op- an ofriichten. Dofir hat ech deemools e bësse méi klengt Lokal gesicht, well ech geduecht hunn et géing méi Kaffi verkaf ginn, wéi Coffeeshop. Mee bon, déi zwee hunn sech wierklech gutt entwéckelt.“

„A wat mech och ëmmer erëm wonnert, ass dass mär och Leit unzéien déi net vun Esch sinn, mee déi extra vu méi wäit kommen. An da kommen och ëmmer méi Studenten, déi hei op der Uni sinn, an eng gewëssen Englesch Communautéit déi um Belval oder an der Ëmgéigend schafft.“

Den Escher Blog: Ginn et extra Pläng oder Iddie fir d’Zukunft vum Babbo?

Saro Pica: „Also Iddien hunn ech der ganz vill, mee d’Ëmsetzung ass natierlech eng aner Saach. Ech sinn an Tëschenzäit Papp ginn, an all Projet heescht natierlech Zäit investéieren, wat elo méi schwiereg ass. Mat mengem Brudder iwwerleeë mär vläicht déi eng oder aner Saach nach opzemaachen. An ech wéilt gäre probéieren Kakao réischteren. Meng Importateuren hunn elo déi éischt Plantage fir Kakao geholl, an et sinn déi nämmlecht Maschinne fir dat ze réischteren.“

„Ausserdeem gëtt et zu Lëtzebuerg keen deen dat mécht, dofir wëll ech mech och domat befaasse fir vläicht den éischten „Made in Luxembourg“-Kakao op der Plaz ze réischteren. Mee dat ass eng Iddi déi ech am Hannerkapp hunn an déi mär um Häerz läit.“

Den Escher Blog: Wéi géings de Esch an 3 Wieder beschreiwen?

Saro Pica: „Faarweg, Proximitéit, Natur.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom