Pop-Up Esch – Eng eenzegaarteg Opportunitéit

Pop-Up Esch – Eng eenzegaarteg Opportunitéit
Shopping

Säit Oktober 2020 ass de Pop-Up Esch e feste Bestanddeel vum Stadkär. Ëmmer erëm nei Commerçanten fannen hei fir eng Zäit hiert doheem an iwwerraschen d’Clientë mat innovative Produiten a Servicer. Am Interview erzielt den Andrea Deidda wat de Pop-Up Esch ausmécht, wéi en sech an de leschte Joren entwéckelt huet an nach vill méi.

Den Escher Blog: Wat ass de Pop-Up Esch?

Andrea Deidda: „De Pop-up hei zu Esch ass am Fong e Geschäft, wou siwe verschidde Commercë kënne gläichzäiteg eng Surface lounen. Si kënnen dann hir Aktivitéit am Pop-Up presentéieren. Zum Beispill kënne si hir Servicer proposéieren, hir Marchandise verkafen, Evenementer kreéieren, oder eng Ausstellung proposéieren. Et ass hinnen iwwerlooss, wat si maachen, fir och d’Leit unzezéien, déi an de Pop-up erakommen.“

„D‘Haaptzil ass natierlech, dass d’Commercen de Marché zu Esch teste kommen, fir duerno och vläicht e Geschäft zu Esch opzemaachen. Dat ass d‘Haaptiddi vum Pop-up an dofir hu mär och ganz favorabel Conditioune fir d’Surfacen ze verlounen. Verschidde Commercantë kommen awer och an de Pop-up fir déi Clientèle aus dem Süde vum Land unzezéien. Anerer kommen an eise Pop-up fir sech e bëssen en Numm ze maachen an eben hir Produkter ze presentéieren.“

Den Escher Blog: Wéi huet de Pop-Up Esch sech an de leschte Joren entwéckelt?

Andrea Deidda: „Déi meescht Awunner vun Esch kennen d‘Konzept vum Pop-up mëttlerweil. Si komme reegelméisseg eran, well se wëssen, dass all Woch eppes kann änneren an en anere Commerce kann dra sinn. Et gëtt also ëmmer Ofwiesslung an eng gewëssen Diversitéit am Pop-Up. 2023 war och e Succès wéinst dem Deco d’Ailleurs. Si war am August hei am Pop-Up, an dat huet esou gutt fonctionéiert, dass d’Madamm sech entscheet huet e Geschäft zu Esch opzemaachen. A wéi gesot, dat ass eben d‘Haaptiddi vum Pop-Up.“

„Normalerweis geet och elo am Februar en zweet Geschäft, dat virdrun am Pop-Up war, an der Rue du Moulin op, mee dat ass nach geheim.“

Den Escher Blog: Gëtt et eppes wat dech iwwerrascht huet am Kader vum Pop-Up an de leschte Joren?

„Jo, dat si ganz kloer d‘Demanden déi vun de Commercë kommen. Dat heescht, am Ufank wou ech ugefaangen hunn, hunn ech vill Demande geschéckt fir Commerçanten ze fanne fir an de Pop-Up. Mëttlerweil kontaktéieren si mech, wat bedeit dass de Pop-Up Esch och ënnert de Geschäftsleit ëmmer méi bekannt gëtt. Si kennen och schonn d’Conditioune vum Pop-Up a wéi e funktionéiert, wat am Ufank net de Fall war.“

Den Escher Blog: Ginn et fir d'Zukunft speziell Projete fir de Popup?

Andrea Deidda: „Also speziell Projete ginn et elo net onbedéngt, mee mär hu jo scho ganz vill Umeldungen a Reservatioune fir d’Joer 2024. Natierlech wollte mär fir de fënnefte Gebuertsdag vum Pop-Up 2025 e méi groussen Evenement organiséieren. Do wäert warscheinlech am Oktober oder November eppes méi Grousses sinn.“

Den Escher Blog: „Wann s du kéints engem Commerçant, dee vläicht wëll op Esch kommen, en Tipp, wat wier dat?

Andrea Deidda: „Also, een Tipp wou ech kéint ginn, deen ech och de Commerçante ginn déi an de Pop-Up, ass dass si solle ganz vill Reklamm maachen. Hautdesdaags mat de soziale Medien, ass et ganz wichteg Werbung ze maachen a reegelméisseg Produkter oder Servicer ze weisen an dës zum Beispill op Facebook oder Instagram ze setzen. D’Leit sinn elo méi um Handy connectéiert wéi soss eppes, dofir ass et wichteg do ze investéieren, an nei Iddien ze bréngen, Leit unzezéien an hinnen nei Saachen ze proposéieren.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom