Eisen Tipp fir de Weekend: D’Fuesboke sinn ënnerwee

Eisen Tipp fir de Weekend: D’Fuesboke sinn ënnerwee
L'idée du weekend

23.02.2024 – 25.02.2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend, vum 23. bis de 25. Februar ass zu Esch Fuesent ugesot. Op Invitatioun vum Escher Syndicat d’Initiatives kommen hei d’Fuesboken, an all déi déi et nach wëlle ginn, op hir Käschten.

Freideg a Samschdeg

D’Festivitéite fänke freides den 23. Februar mat engem After-Work Event um 17:00 Auer un. D’Belsche Jecken, den DJ Raymond Delavega an den DJ Muka suergen hei am Laf vum Owend fir déi richteg Stëmmung op der Escher Fuesfiesta. Samschdes dann, geet et weider mam traditionelle Kannerfuesbal vun 14:00 bis 19:00 Auer, dës Kéier mam DJ Hofmeister. Dëse suergt dann och fir de Warm-Up vun 19:00 bis 21:00 Auer, an da geet et lass mam Escher Halli-Galli.

Ab 21:30 leeën De Hofnarren (Band) lass a lackelen d’Fuesgecken op d’Danzpist. Vun 22:30 bis 3:00 Auer nuets, suergen eng Rei DJen da weider fir Fuesfiesta-Laun: den DJ Al, den DJ Se7en an de Special Guest Andy Bar.

Sonndeg

Dobäi bleift et awer net, well d’Fuesboke kréien net esou séier genuch. Sonndes fënnt nämlech déi traditionell Escher Cavalcade statt. Tëschent 14:00 Auer a Mëtternuecht, suergen hei den DJ Raymond Delavega, den DJ Al mam Special Guest Honk!, De Hofnarren an d’Schlupperten fir Fuesstëmmung. Do sollt dann och de wëllste Geck sech ausgetobt hunn – bis d’nächst Joer dann, wann et erëm heescht: Et ass Fuesent zu Esch!

Weider Informatiounen

De ganze Programm mat de genauen Auerzäiten, déi verschidde Plazen wou d’Evenementer stattfannen, an de Parcours vun der Escher Cavalcade fannt Dir wéi ëmmer online ënnert dësem Link: https://citylife.esch.lu/2024/02/08/informations-carneval-2024/

 

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom