Librairie Diderich – Méi wéi nëmme Bicher

Librairie Diderich – Méi wéi nëmme Bicher
Shopping

Säit der Grënnung 1945 gëllt d’Librairie Diderich als ee vun den Traditiounsgeschäfter zu Esch, dat sech iwwer laang Zäit ëmmer erëm weiderentwéckelt huet. Am Interview zielt d’Anne Diderich ënner anerem vu rezente Changementer a Projete fir d’Zukunft.

Den Escher Blog: Wat ass d’Librairie Diderich?

Anne Diderich: „D’Librairie Diderich ass en Traditiounsgeschäft, dat net aus Esch ewechzedenken ass, a wat et säit 1945 hei gëtt. Et ass e Familliebetrib deen an der 3. Generatioun gefouert gëtt. Et kann een och soen, dass et e bëssen eng „institution incontournable“ ass, zumools hei am Süden. Mär hunn nämlech net nëmme Bicher, mee och Papeterie, Spiller an e Café. Ech mengen dat resuméiert déi wichtegst Punkten.“

Den Escher Blog: Wéi huet d’Librairie Diderich sech an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?

Anne Diderich: „Mär sinn de ganzen Zäit dobäi eis weiderzeentwéckele fir dem Marché an de Wënsch vun de Clientë gerecht ze ginn, a fir ze kucken an ze fille wat et Neies gëtt. Mär hunn an de leschte Joren vill an d’sozial Netzwierker investéiert, well mär gemierkt hunn dass dat e groussem Impakt huet. Eise Café gëtt et elo säit siwe Joer. Eis dräi-an-eng-hallef Fraenekipp hei huet sech gutt etabléiert an ass och ganz beléift bei de Clienten.“

Den Escher Blog: Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?

Anne Diderich: „-Iwwerrascht- géing ech elo net soen, mee mär konstatéieren ëmmer erëm mat Freed, dass nieft de Stammclienten och nei Clienten de Wee bei eis fannen. Déi si mol vun Esch awer och vill vun ausserhalb. Richteg -iwwerrascht- si mär doriwwer elo net, mee voilà, dat ass ëmmer erëm schéin ze gesinn.“

Den Escher Blog: Ginn et speziell Pläng oder Projete fir d’Zukunft vun der Librairie Diderich?

Anne Diderich: „Gréisser Projeten hu mär de Moment net. Mär si jo en iwwersiichtleche Commerce a probéiere steteg esou no wéi méiglech um Client ze bleiwen, och fir d’Gefill ze vermëttelen dass et attraktiv an derwäert ass an e Geschäft eranzegoen. Mär maache permanent kleng Ännerungen, déi elo vläicht net esou visibel si fir jiddereen, mee déi awer dozou bäidroen, dass et méi flott ass fir eranzekommen.“

Anne Diderich: „Mär passen eis Rayonen ëmmer nees un a maachen do Ännerungen, wéi elo zum Beispill den Deel mat Spillsaachen, dee mär vergréissert hunn, well do eng grouss Nofro hei zu Esch ass. Dat wäerte mär och weider ausbauen.“

Den Escher Blog: Wat ass eng vun Äre Liblingsplazen zu Esch a firwat?

Anne Diderich: „Ech si ganz verbonne mat der Natur an do hu mär zu Esch jo ganz vill Méiglechkeeten – den Ellergronn, de Lavalspark, de Gaalgebierg mam Déierepark natierlech an sou weider. Do gëtt et wierklech vill Plaze wou ee kann higoen. Als Escher Meedche sinn ech hei opgewuess a verbréngen och all meng Zäit hei, dofir kennen ech och soss nach vill Plazen, Butteker, Commercen déi flott sinn, mee vläicht ze vill fir se all ze ernimmen.“

Den Escher Blog: Wann dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?

Anne Diderich: „Ech mengen dat Wichtegst ass dass een oppe bleift an dass een och emol Iddien akzeptéiert déi ee vu bausse kritt, och wann dat heiansdo e bësse pickt. Mee dat hëlleft engem fir weiderzekommen. Et  muss een sech ëmmer a Fro stellen a gewollt sinn sech weider ze entwéckelen. Et dierf een net stoe bleiwen.“

Den Escher Blog: Beschreift Esch an 3 Wieder.

Anne Diderich: „Ech hunn elo e bësse ronderëm gefrot ënnert eise Mataarbechter a jidderee seet aner Saachen. Esch bedeit fir jiddereen eppes anescht, vläicht ass et dat och wat et ausmécht.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom