Internationalen Dag vun de Fraerechter – E Mount voller Aktivitéiten

Internationalen Dag vun de Fraerechter – E Mount voller Aktivitéiten
Inclusion & Diversité

Am Kader vum internationalen Dag vun de Fraerechter, den 8. Mäerz 2024, an dem 75. Gebuertsdag vun der Deklaratioun vun de Mënscherechter fannen zu Esch eng ganz Rei Aktivitéite ronderëm dës Sujete statt. D’Stad Esch, de Service Égalité des Chances, ACAT Lëtzebuerg an de Resistenzmusée hunn sech hei zesummegedoe fir e spannenden, interessanten a virun allem wichtege Programm ze proposéieren.

Firwat ass en Dag fir d‘Visibilitéit vun de Fraerechter wichteg?

Sexistesch Diskriminéierungen, misogyn Bemierkungen, Ënnerscheeder beim Salaire, Objektifizéierzung vum weibleche Kierper, Gewalt  géint Fraen: et ginn nach vill Gebitter, wou d’Fraen zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt diskriminéiert an ënnerdréckt ginn. D’Geschlecht ass heibäi just ee vu verschiddenen identitären a soziale Facteuren déi zu enger oder multiplen Diskriminatiounsforme ka féieren. Och Ethnizitéit, kierperlech Validitéit, Genderidentitéit  a sozial Klass spillen hei eng Roll.

Den 8. Mäerz läit dofir d’Betounung op de Rechter: et ass en Dag fir op Ongläichheeten opmierksam ze maachen a fir eng Verbesserung vun de Fraerechter an all dëse Beräicher ze erreechen. Schliesslech si Fraerechter och Mënscherechter.

Ciné-débat : Sept hivers à Téhéran, 18.03., 19h00, Ciné Ariston

D’Reyhaneh Jabbari gouf als jonk Fra higeriicht wëll si sech géint hire Vergewalteger verteidegt huet. Den Debat fënnt an der Präsenz vum Reyhaneh senger Mamm, dem Shole Pakravan, statt, déi gekämpft huet fir hirer Duechter hir Hiriichtung ze verhënneren an déi sech weiderhi fir d’Fraerechter am Iran asetzt.

Living Library: Voix de femmes, 27.03., 19h30, Escher Jugendherberg

Am Kader vun dëser Living Library kënnen d’Participantë verschidde Perspektiven vu Frae kenneléieren déi fir hir Rechter als Fraen an allgemeng fir Mënscherechter kämpfen. D’ « Bicher » si Fräiwëlleger déi selwer Affer vun Diskriminéierungen a Stigmatisatioun sinn oder waren, oder déi zu enger vulnerabler Grupp gehéieren, an déi hir Geschicht an Erfahrunge wëllen deelen.

Fräiheet a Resistenz

Fir de 25. Abrëll ass den Ofschlossevent „Conférence et témoignages: Femmes – Vie – Liberté – Résistance“ organiséiert. Hei kréie Fraen d’Wuert, där hir Rechter als Fra violéiert goufen a vun hirem Parcours a Widderstand zielen. Ënner anerem geet et och ëm déi rezent Revolt vun de Fraen am Iran tëschent 2022 an 2024, d’Ausgankssituatioun, d’Konsequenzen an d’Situatioun haut. Dat Ganzt gëtt mat enger Table Ronde a weideren Temoignagen ofgeschloss.

Ausstellung „Pictures for the Human Rights“, 1.03. – 29.03.2024

D’Ausstellung „Pictures for the Human Rights“ mécht d’Mënscherechter am ëffentleche Raum sichtbar. Kënschtler*innen aus ënnerschiddleche Länner hunn heifir déi 30 Artikele vun der Universeller Mënscherechtserklärung visuell interpretéiert. De Vernissage fënnt de 7. Mäerz um 18h30 am Musée National de la Résistance et des Droits Humains statt. Visitte vun der Ausstellung ginn de selwéchten Dag um 17h30 an um 18h00 organiséiert.

Méi Visibilitéit

De ganze Mount Mäerz iwwer fënnt d’Aktioun „Affichons l’Égalité – Rendons les femmes plus visibles dans l’espace publique !“, an Zesummenaarbecht mam Conseil National des Femmes statt. Wéi de Numm et versprécht, geet et hei drëms Fraen déi sech fir d’Mënscherechter, a virun allem d’Fraerechter, staark gemaach hu méi Visibilitéit ze ginn. Deemno gi Schëlder mat den Nimm vun deene Fraen bei déi gewinnte Stroosseschëlder gehaang. Eng Auswiel vun dëse Perséinlechkeete wäerten iwwer Video virgestallt ginn. Dës Videoen wäerten op der Facebook-Säit vum Chancegläichheetsservice, @Egalité Esch ze gesi sinn. Gäre kann een déi aner Nimm zum Beispill dann um Internet nosichen, fir méi gewuer ze ginn.

Gemeinsam Konscht

Den 8. Mäerz kann een tëscht 15h00 an 18h00 un enger Konschtaktioun mat der syrescher Kënschtlerin Dima Alrefai op der Gemengeplaz zu Esch deelhuelen, déi sech „Couleurs de la Vie“ nennt. Fraen a Meedercher déi interesséiert sinn, kënnen hei unhand vun Alldagsgéigestänn an Acrylfaarf bei der Kreatioun vun engem Konschtwierk matmaachen. Op Läffel oder Deegrull, alles ass erlaabt. D’Konschtwierk gëtt duerno dann an der Gemeng ausgestallt. Umeldungen a weider Informatiounen: egalitedeschances@villeesch.lu

Wéi all Joër gëtt et och eng Marche féministe, den 8. Mäerz um 17h00 ab der Paräisser Plaz an der Stad.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom