Resistenzmusée – D’Vergaangenheet nei entdecken

Resistenzmusée – D’Vergaangenheet nei entdecken
Culture

Den Nationale Musée fir Resistenz a Mënscherechter zu Esch-Uelzecht, dee fir d’éischt 1956 seng Dieren opgemaach huet, ass eng zentral Plaz fir Erënnerung a Bildung. De Musée widmet sech der Geschicht vum zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg, mat engem spezielle Fokus op d’Follge vun der NS-Diktatur, der Widderstandsbeweegung an de Mënscherechter. Méi grouss, interaktiv a modern – mécht de Resistenzmusée op der Escher Brillplaz den 1. Mäerz seng Dieren erëm op.

Erneierung an Erweiderung

No ëmfangräiche Renovéierungs- an Erweiderungsaarbechten, déi 2018 ugefaang hunn an 2024 ofgeschloss goufen, ass de Musée mat enger neier Dauerausstellung nees op. Déi nei Dauerausstellung bitt en themateschen Usaz, deen d’Geschicht vum Nationalsozialismus, seng Auswierkungen op d’Zivilbevëlkerung an d’Reaktiounen dorop ëmfaassend duerstellt.

De Musée gouf awer net nëmme renovéiert, mee och erweidert, fir zousätzlech Ausstellungsflächen, Raimlechkeete fir d’Personal an d’Archive, souwéi modern pädagogesch a wëssenschaftlech Ariichtungen ze schafen. Nieft der Dauerausstellung, ginn et dann och Wiesselausstellungen, Evenementer a Visite Guidéen, déi d‘Offer vum Musée ofronnen.

Verschidde Neierungen

Eng vun den Ännerungen déi direkt opfält, ass dass d’Entrée fir an de Musée verluecht gouf, an elo net méi an der Mëtt vum Haaptgebai ze fannen ass, mee lénks. Och vu bannen ass den Agangsberäich ëmgestalt ginn, sou fënnt een elo hei eng Lounge, wou d’Visiteuren och emol kënnen eng Paus maachen an e Kaffi drénken. Desweideren ass den neien Ubau, deen duerch seng schwaarz Fassad direkt opfält, och en neien Highlight vum Musée.

Architektonesch Highlights

Déi architektonesch Verännerunge respektéieren dat ursprénglecht Gebai, woubäi och modern Elementer agefouert ginn, déi déi museografesch Visioun ënnerstëtzen. D’Renovéierung ëmfaasst d’Sanéierung an d’Restauratioun vun de bestoenden Strukture souwéi d’Integratioun vun neien, modernen Elementer, déi eng flexibel an adaptéierbar Presentatioun vun den Ausstellungsstécker erméiglechen.

Sou spillen am Ubau „Rësser“ eng wichteg Roll, genau sou wéi et deemools zu Rësser an der Gesellschaft koum. Dëst fënnt een net nëmmen an der Fassad vum Ubau zeréck, mee och bannen.

Museografescht Konzept

D’museografescht Konzept vum Musée zielt drop of, d’Visiteuren duerch eng Kombinatioun aus individuelle Schicksaler an historesche Kontexter aktiv anzebannen. Verschidde Perspektive gi gewisen, fir d’Verständnis vun de Theme Resistenz a Mënscherechter ze fërderen. D’Ausstellung notzt ausserdeem och modern Technologien a Medien, fir eng dynamesch an interaktiv Erfarung ze bidden.

E wichtege Schrëtt

Duerch seng ëmfaassend Renovéierung an dat innovatiivt Ausstellungskonzept bitt d’Erneierung vum Nationale Musée fir Resistenz a Mënscherechter zu Esch e wichtege Bäitrag fir d‘Erënnerungskultur an d‘politesch Bildung. En invitéiert d‘Visiteuren, sech mat den Theme Resistenz, Mënscherechter an den Auswierkunge vun Diktaturen auserneenzesetzen. Fir aus der Geschicht ze léieren a fir e Bäitrag zu engem bessere Verständnis vu Mënscherechter an der Bedeitung vum Resistenz ze leeschten, ass eng Visitt am Resistenzmusée e wichtege Schrëtt.

De Musée National de la Résistance et des Droits Humains ass dënschdes bis sonndes vun 10:00 bis 18:00 auer op an donneschdes esouguer bis 19:30 Auer. All weider Informatiounen, sou wéi en Agenda mat Evenementer fannt Dir op www.mnr.lu

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom