Schmelz – E Genoss fir all d‘Sënner

Schmelz – E Genoss fir all d‘Sënner
Gastronomie

Ënnert dem Héichuewen A fënnt ee säit Juni 2023 e Restaurant, deen et esou néierens anescht kéint ginn. Op enger geschichtsträchteger Plaz, am Fundament wat 1965 gegoss gouf, invitéiert de Restaurant Schmelz an engem eemolege Kader op eng kulinaresch Entdeckungsrees. Den Numm ass dobäi Programm.

Den Numm

Fir déi 3 Associéeën, Paul Meyer, Ibrahim Jashari an Dan Vinkowski, huet sech hei d’Possibilitéit gebueden eppes Eenzegaarteges op d’Been ze stellen. Den Numm „Schmelz“ sollt net nëmmen einfach ze verhale sinn, mee steet och fir d’Vermëschung vu ville verschiddenen Elementer déi hei zesumme kommen: d’Verschmëlze vun de Kulturen, Konscht, Musek, Evenementer, d’Héichiewe mat moderner Ariichtung an Architektur, an natierlech den traditionelle Platen mat enger spezieller Touche.

Sech doheem fillen

Am Restaurant Schmelz fënnt een op der Kaart albekannte Platen, oft op eng bësse méi modern Aart a Weis interpretéiert. „D’Leit hu gären dat einfacht, eppes wat se kennen a wou se sech doheem a wuel fillen. Dat ass dat Gefill wat mär hinne wëlle ginn“, erkläert den Dan Vinkowski. „Et ass e Genoss vun all Säite mat enger Summer- an enger Wanterkaart, an enger klenger Touche Fusion an der Kichen“, seet den Ibrahim Jashari, Chefkach vum Schmelz.

Sou fënnt ee Gromperekichelcher a Kniddelen an de verschiddenste Variatiounen, awer och eng Bouneschlupp oder e gutt Stéck Fleesch um Menü.

De Wow-Effekt

De Restaurant Schmelz huet Mëtt Juni 2023 ouni groussen Tamtam opgemaach, fir dass d’Ekippen sech kënnen aspillen an d’Clientèle sech organesch kann entwéckelen. Nieft der gudder Kooperatioun mam Fonds Belval, waren hei och déi 3 Joer Preparatioun maasgebend fir de Succès, sou wéi déi vill Aarbechten déi gemaach goufe fir de beandrockende Interieur vum Restaurant op d’Been ze stellen.

„D’Leit kommen eran a maachen oft als éischt emol eng Foto. Dee Wow-Effekt probéiere mär dann och an de Platen sou wéi den Eventer ze reflektéieren“.

Evenementer

Eventer sinn elo den nächste Schrëtt an der Entwécklung vum Schmelz. Verschidde Soiréeë fir bis zu 400 Leit matt DJen a Club Atmosphär hunn do scho viru kuerzem gewise wat méiglech ass. „Et feelt u Plaze fir erauszegoen am Süden an dat soll lues a lues mat ganz verschiddenen Evenementer eng Referenz ginn“, seet den Dan Vinkowski. D’Leit sollen deemno kënnen iessen, danzen a feieren – an dat alles op der selwechter Plaz.

Eventer wéi en Thé Dansant, Soiréeë mat elektronescher Musek an nach vill méi, stinn do och um Plang. „Mär sinn elo an enger Phas wou mär Saachen ausprobéiere fir ze kucke wat gutt geet a wat de Leit gefält“.

Eng gutt Mëschung

No e puer wéinege Méint huet de Restaurant Schmelz schonn eng kleng trei Clientèle fonnt. Op sou enger kosmopolitescher Plaz wéi dem Belval mat senger internationaler Communautéit, kommen déi verschiddenst Clienten eran. „Et ass eng Vermëschung vu Generatiounen, Nationalitéiten a sou weider, erëm eppes wat bei de Numm passt.“ An Tëschenzäit kommen d’Leit mat der ganzer Famill, mat Kolleegen, fir de Gebuertsdag oder si hu schonn hire Liblingsdësch wou se gäre sëtzen.

Et gëtt ëmmer eppes Neies ze entdecken, wéi déi verschidden Evenementer, déi këstlesch Platen oder d‘Terrass am Summer. Wien also nach net am Restaurant Schmelz war, dee sollt op allefalls eng Kéier laanscht kucken a schmaache goen. Wie weess, vläicht schmëlzt jo deem engen oder aneren d’Häerz dobäi.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom