Boutique Italianstyle – Ëmmer am Trend

Boutique Italianstyle – Ëmmer am Trend
Shopping

1978 hunn den Giovanni an d‘Anita Grilli hir Passioun fir italieneesch Moud an d’Realitéit ëmgesat an e Geschäft zu Esch opgemaach. D’Boutique Italianstyle war gebuer a suergt säitdeem an der Uelzeschtstrooss fir den néideg Flair, direkt vun de Catwalks vu Mailand. Am Interview erzielt d’Lara Grilli eis vun hirer Evolutioun, hire Projeten an natierlech vun der italienescher Moud.

Den Escher Blog: Wat ass Italianstyle?

Lara Grilli: „Italianstyle ass säit 1978 italieenesch Moud zu Esch fir Hären an Dammen. Zënter all deene Jore baséiere mär eis haaptsächlech op Qualitéit. Dofir si mär och nach do. Et ass e Familljebetrib, dee meng Elteren deemools gegrënnt hunn an ech si säit 2000 aktiv dobäi. Ech sinn awer och virdru quasi hei opgewuess. Dat war e bësse wéi meng Spillplaz.“

Den Escher Blog: Wéi huet Italianstyle sech iwwer d‘Joren entwéckelt?

Lara Grilli: „Mär sinn emol frou dass mär iwwerhaapt nach kënnen hei sinn. Mär si permanent am Gaangen nei Marken ze sichen, ze evoluéieren, mat der Moud matzegoen andeems mär eise Stil awer weider behalen. Mär leeë wierklech ganz vill Wäert op Qualitéit. D’Leit wëssen deemno wat se bei eis kréien a gläichzäiteg fannen si och ëmmer erëm nei Saache bei eis. Mär behalen och eise Kär vu Marken, mat deene mär elo säit iwwer 40 Joer schaffen.“

Den Escher Blog: Gëtt et eppes wat Iech un der Aktivitéit als Geschäftsfra iwwerrascht huet?

Lara Grilli: „Mär liewen duerch eis trei Clientèle an dat fannen ech einfach super. Et ass schéin ze gesinn, dass d’Leit déi eise Service an eis Wuer appreciéieren an ëmmer erëmkommen. Mär hunn eng super Ekipp an e gudde Service a punkto Retouchen. D’Leit konsuméiere vläicht e bëssen aneschters wéi fréier, andeems se bei eis éischter en Haaptstéck kafen an da mat Accessoire vun anere Plaze mixen. Fréier hunn se méi oft alles op enger Plaz kaf.“

Den Escher Blog: Ginn et Projete fir d’Zukunft?

Lara Grilli: „Mär si permanent am Gaangen eis Kollektiounen ze developpéieren. Am Moment schaffe mär un där fir nächste Wanter. Mär sinn also quasi ëmmer e Joer am Viraus mat de Bestellungen. Grouss Projete ginn et soss eigentlech net. Vläicht eis 50 Joer gläich kënnen ze feieren, dat ass jo elo net méi esou laang.“

Den Escher Blog: Wat ass eng vun Äre Liblingsplazen zu Esch?

Lara Grilli: „De Gaalgebierg ass meng absolut Liblingsplaz. Mär hunn alles um Gaalgebierg. Et kann ee flott trëppele goen, et gi Spillplaze fir d’Kanner, Fussball, Tennis, Restauranten an dann natierlech eisen eemolegen Déierepark… et gi vill super Fräizäitaktivitéiten déi een do ka maachen.“

Den Escher Blog: Wann Dir engem zukünftege Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?

Lara Grilli: „Et muss een Ausdauer hunn, Gedold matbréngen, vill perséinlech do sinn a Presenz weise fir eng Relatioun mat de Clienten opzebauen. Ech mengen dat ass d’Stäerkt vun deene Butteker wou do sinn, dass een de Patron kennt. Dee Kontakt ass immens wichteg.“

Den Escher Blog: Beschreift Esch an 3 Wieder.

Lara Grilli: „Multikulturell, kommerziell (Mär hunn awer vill Butteker), authentesch.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom