Eisen Tipp fir de Weekend: Op Sich no den Ouschtereeër

Eisen Tipp fir de Weekend: Op Sich no den Ouschtereeër
L'idée du weekend

23.03.2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend steet en Highlight fir Grouss a Kleng um Plang: d’Ouschtereeërsich am Ellergronn!

E grousse Spaass

De Syndicat d’Initiative Esch-sur-Alzette invitéiert den 23. Mäerz op e spannenden Nomëtteg fir Grouss a Kleng. Och wann d’Ouschtereeërsich haaptsächlech fir déi Kleng ass, erfreeën och déi Erwuessen sech um Spaass deen hir Kanner dobäi hunn. Uerschter den Ellergronn sinn nämlech allerlee Eeër an de verschiddenste Faarwe verstoppt, déi et ze fanne gëtt. Do liichten d’Kannerae grouss, wann si e besonnesch schéint Ee fannen.

Startschoss

Lass geet et um 12:00 Auer mëttes am Ellergronn an et dauert bis 18:00 Auer, respektiv e bësse manner laang wann déi Kleng extra séier am Eeër siche sinn. Kanner bis 9 Joer kënnen hei deelhuelen, natierlech a Begleedung vun engem Erwuessenen. Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt, sou dass kee sech muss mat eidelem Bauch op d’Sich maachen. Maacht Iech also prett, well d’Plaze si limitéiert.

Eng schéin Traditioun

Op Ouschteren am Ellergronn entwéckelt sech eng Traditioun, déi net nëmmen de Spaass fir d’Kanner an der Vierdergrond stellt, mee och déi schéin Natur am Ellergronn. Hei kann een nämlech net nëmmen Eeër sichen, mee och vill aner Saachen erliewen an Aktivitéiten ugoen. Verschidden Iddie fannt Där natierlech um Escher Blog, ënnert dësem Link: https://blog.esch.lu/?s=ellergronn

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom