Gläichstellung vu Fraen a Männer – Eng Charte an e Präis fir de Sport

Gläichstellung vu Fraen a Männer –  Eng Charte an e Präis fir de Sport
Inclusion & Diversité

D’Stad Esch huet de Projet „Zesumme fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer am Sport“ lancéiert, mam Zil déi vill Virurteeler an Ongläichheeten, déi nach ëmmer am Sportsecteur herrschen, unzegoen. Stereotyppen a sexistescht Verhale kommen am Alldag nach heefeg vir an ënnersträichen d’Ongläichheet tëscht Fraen a Männer am Sport.

Ëmmer nach aktuell

Als aktuellt Beispill, gëtt et hei d’Diskussioun iwwert d’Präisgeld fir d’Gewënnerinne vum Tour de France 2023 fir Fraen. Dëst ass substantiell erhéicht ginn, läit awer nach ëmmer däitlech ënnert dem Niveau vun hire männleche Kolleegen. Änlech Beispiller ginn et der vill, an dëst a bal alle Sportaarten. Manner bezuelt, manner promouvéiert, manner visibel, manner respektéiert – et gëtt nach vill Grënn firwat de Fraesport net de gläiche Stellewäert an der Gesellschaft huet wéi dee vun de Männer.

Aktiv

Fir dës villsäiteg Problematik aktiv unzegoen, a virun allem och de Fraen a Meedercher zu Esch an zu Lëtzebuerg an Zukunft e méi gerecht Spillfeld ze bidden, hunn de Service à l’égalité des chances an de Service des sports sech mam ADT-Zenter zesummegedoen, an dëse Projet am Oktober 2021 op d’Bee gesat. No Workshops, Konferenzen, Analysen sou wéi der Entwécklung vu „Best Practices“ a Recommandatiounen, ass schliisslech d’Charte „Egalité femmes-hommes dans le sport“ entstanen.

Eng Charte fir d‘Gläichheet

Dës Charte, en Novum zu Lëtzebuerg, betount och d’Virreiderroll vun der Stad Esch an dësem Kontext. Zil vun der Charte ass et engersäits de Veräiner, déi se ënnerschreiwen, als Leetfuedem an der Ëmsetzung vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer ze déngen, an hinnen anerersäits och d’Ënnerstëtzung vun der Stad Esch an dëser Thematik garantéieren. Sou gouf dann och e Präis geschaf, dee Veräiner auszeechent déi sech besonnesch staark gemaach hu fir d’Gläichheet vun de Geschlechter am Sport.

Am Verdéngscht

Op der Editioun 2024 vum Gala Sportif, den 12. Mäerz, ass dann och déi éischte Kéier dëse Präis verdeelt ginn. „Fir kënne seng Kandidatur beim Label ‚Sport & égalité des genres‘ eranzereechen, muss de Veräin Signataire vun der Charte sinn“, erkläert Norma Zambon (Cheffe de service vum Service des sports vun der Stad Esch). Vun de 25. Signatairen vu der Charte, haten der 17 den néidege Questionnaire ausgefëllt. „E Jury huet dunn déi 17 Dossieren analyséiert an esou d’Gewënner determinéiert“.

D‘Gewënner

De Bronze Label huet de Judo Club Esch gewonnen, de Sëlwer Label krut de Basket Esch an de Gold Label goung un den CS Fola Esch. Si hu sech deemno fir d‘Gläichstellung vu Fraen a Männer am Sport besonnesch staark gemaach, a goufen och je no Label mat engem Check vun 2.500€, 5.000€ oder 7.500€ belount. D’Motivatioun ass also ginn fir all d’Veräiner sech an dësem Beräich anzesetzen a fir méi Gläichheet vun de Geschlechter am Sport ze suergen.

Fotoe vum Gala Sportif 2024: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom