Rugby Club Esch – Les Furets

Rugby Club Esch – Les Furets
Sport

Et war bei engem Béier am Pitcher wou de Jim Glod, de Joel Tessaro an de Luigi Bernardini sech gefrot hunn, firwat et zu Esch eigentlech kee Rugby Veräi gëtt. Begeeschtert vum Rugby an de Wäerter déi dëse Sport vertrëtt, ware si schnell determinéiert e Rugby Club zu Esch op d’Been ze stellen.

En éischten Training

Ganz kleng hu si deemools ugefaangen: Hiren éischten Training hu si zu fënnef um Belval duerchgezunn, mat engem eenzege Ball a véier Hittercher fir opzeriichten. Hir Begeeschterung war net ze bremsen an esou hu si de ganze Wanter duerch hiren Training ofgehalen. No an no huet dës Geschicht d’Ronnen zu Esch an Ëmgéigend gemaach an duerch de Bouche-à-l’oreille si schliisslech am Fréijoer 2023 ëmmer méi Leit op den Training komm.

„Elo si mär ongeféier 15 bis 20 Leit, wat no engem Joer guer net esou schlecht ass“, seet de Joel, Haaptcoach vun Ekipp.

De Sport

De Joel hat de Sport op der Uni entdeckt an huet och zu Walfer gespillt, mee fir déi dräi Grënner war et wichteg och zu Esch e Rugbyveräin ze hunn. „Ech kommen éischter aus dem Fussball“, seet de Jim. „Mee ech war och ganz séier begeeschtert vum Rugby. Et ass e Sport mat ville Wäerter mat deene mär eis identifizéiere kënnen“.  Och d’Dynamik vum Rugby an den Ekippegeescht huet hinnen et ugedoen.

„Et gëtt ee praktesch süchteg dono. Et ass e geniale Sport an et mierkt ee ganz schnell dass een näischt ouni de Kolleeg um Terrain ass“, erkläert de Jim weider.

Wäerter

Zesummenhalt, Familljewäerter, Fairness, Respekt an Ekippegeescht, dat si just e puer vun de Wäerter, déi Les Furets an hirem Sport gesinn an deemno och ausliewen. Sou sinn d’Membere vun der Ekipp dann och ganz schnell zesummegewuess. Als neien, jonke Veräin sinn si och fir jiddereen oppen: „Bei eis ka jidderee matmaachen, egal wéi e Gabari en huet, wéi fit en ass oder och net“, seet de Joel. „Mär sinn eng bont gemëschten Trupp“.

Sou ass dann och déi drëtt Halbzeit wichteg, wou een zesummen oder mat der géignerescher Ekipp zesummen eppes ësst oder drénkt.

Communautéit

Am ganze ginn et nëmmen 3 Seniore Rugby-Ekippen hei am Land. Dozou kënnt nach e Centre de Formation fir déi Jonk an nëmmen eng eenzeg Fraenekipp. Och d’Frettercher vun Esch plange fir d’Zukunft eng Fraenekipp an eng Ekipp fir déi Jonk op d’Been ze stellen. „De Veräin evoluéiert, mee dat ass vill Aarbecht a brauch Zäit. D’Land brauch op allefalls nach Ekippen“, seet de Jim. D’FLR, Fédération Luxembourgoise de Rugby, huet nämlech Wëlles iergendwann en eegene Championnat kënnen ze spillen.

Bis dohin dauert et zwar nach e bëssen, mee mam Rugby Club Esch – Les Furets ass e weidert Stéck um Wee bis dohinner dobäi komm. Verschidden Turnéier, Stagen, Frëndschaftsmatcher an Evenementer fëlle bis dohinner awer ganz gutt de Kalenner.

Matmaachen

Dem Jim an dem Joel läit virun allem um Häerzen, dass d’Leit keng Angscht hu bei hinne matzemaachen an sech einfach kënne mellen an op en Training kommen. „Et brauch ee keng Ausrüstung fir den Ufank, och wa Sportkleedung, gutt Schung e Mondschutz net schlecht wieren. Dat ass awer keng Mussesaach“, erkläert de Joel. Wann een sech wuelfillt, da kann een erëmkommen a bis elo, verrode si, ass nach jiddereen erëmkomm.

Dobäi ass et net wichteg ob een Erfarung huet, super sportlech ass oder iwwerhaapt d’Reegele vum Rugby kennt. Déi kritt een op der Plaz natierlech erkläert. „Eist Spill passt sech de Spiller un, wat eigentlech och gutt bei eisen Numm passt“, seet de Jim.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom