Esch an de Klimawandel – Dräi Evenementer

Esch an de Klimawandel – Dräi Evenementer
Découvrir

De Klimawandel spillt weltwäit eng Roll. Wat sinn d’Konsequenzen? Wéi ass ee perséinlech betraff? Wat kann een dogéint maachen? Dës a vill weider Froen, sinn och fir d’Stad Esch relevant. Iwwer zwee interaktiv Evenementer an eng Ausstellung am Fréijoer 2024 kann ee méi dozou gewuer ginn.

Eng Ausstellung

Scho säit dem 23. Mäerz kann een op der Gemengeplaz eng Ausstellung entdecken. Den 29. Mäerz hat de Buergermeeschter zesumme mam Schäfferot hei de fonkelneien ephemere Gaart ageweit. Ënnert dem Numm „Esch face au changement climatique“ fënnt een hei eng pädagogesch Ausstellung déi sech ëm d’Erausfuerderunge vum Klimawandel souwéi d’Adaptatiounsstrategien déi d’Stad Esch ëmgesat huet fir eis Ëmwelt ze schützen dréit.

Assises du Climat

D’Zil vun der Klimakonferenz „Assises du Climat“ ass et dëst Joer d’Bierger an d’Stad Esch iwwert déi zukünfteg Konsequenze vum Klimawandel ze informéieren a virzebereeden. De Wëssenschaftsjournalist Ranga Yogeshwar gëtt dobäi en Abléck an eng kuelestofffräi an nohalteg Zukunft. Duerno kann d’Diskussioun wärend enger interaktiver Sessioun verdéift ginn. Startschoss ass de 25. Abrëll um 18:00 Auer an der Escher Gemeng.

Biergerforum

Den 22. Mee ass Zäit fir de Biergerforum zum Thema Klima. D’Zil vun dësem Biergerforum ass et d’Biergerbedeelegung ze fërderen an e permanenten Dialog tëscht der Stad Esch a senge Bierger ze initiéieren. D’Diskussioune konzentréieren sech hei op de Klimawandel an d‘Adaptatiounen déi am Alldag an a verschiddene Quartieren néideg wäerte sinn. D‘Stad Esch an Transition Minett lueden hei ab 18:00 Auer an der Escher Gemeng an.

Umellen

All Escher Bierger ass also häerzlech invitéiert fir matzemaachen a matzeschwätzen. Wichteg ass dobäi virun allem, dass ee sech muss fir d’Assises du Climat a fir de Biergerforum umellen. Dëst kann een online iwwert déi verschidde Linke maachen, déi een am offiziellen Artikel hei fënnt: citylife.esch.lu.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom