Maison Felgen – Wann d’Häerz méi séier schléit

Maison Felgen – Wann d’Häerz méi séier schléit
Shopping

Wie sech fir Brautmoud interesséiert oder kuerz virum wichtegen Dag steet, dee kënnt net laanscht d’Maison Felgen zu Esch. Säit iwwer 30 Joer suerge si fir dat richtegt Brautkleed mat gudder Berodung a vill Häerz. Am Interview erzielt de Jean-Pierre Lucani vun der Maison Felgen a firwat d’Häerz beim Eraussiche vum Brautkleed dat Wichtegst ass.

Den Escher Blog: „Wat ass d’Maison Felgen?“

Jean-Pierre Lucani: „D’Maison Felgen ass en Traditiounshaus, wat et schonn iwwer 30 Joer laang gëtt. Mär si spezialiséiert op Brautkleeder, ganz schéin Oweskleeder an hale ganz vill Wäert op eng exzellent Berodung an e gudde Conseil fir d‘Clienten.“

Den Escher Blog: „Wéi huet d’Maison Felgen sech an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?“

Jean-Pierre Lucani: „Entwéckelt hu mär eis an deem Sënn, datt mär natierlech ëmmer kucken datt mär am Trend bleiwen. Datt mär ëmmer déi neiste Saachen hunn an natierlech och déi schéinste Kleeder fir eis Clienten. Dat ass dat wat wichteg ass fir eist Haus, well d’Konkurrenz schléift net. Also musse mär do ëmmer kucken datt mär um leschte Stand si mat eise Saachen.“

Den Escher Blog: „Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?“

Jean-Pierre Lucani: „Iwwerrascht huet mech am Fong déi mega Evolutioun déi elo geschitt ass an de leschte Joren. An der Zäit ware mär just zu véier zu Lëtzebuerg déi spezialiséiert waren op Brautkleeder a mëttlerweil si mär e ganze Koup. Et geet praktesch op Schratt an Tratt iwwerall en neie Brautbuttek op. Dat ass esou en Trend ginn. An duerch d’Pandemie an déi weltpolitesch a wirtschaftlech Situatioun huet sech och d’Kafverhale vun de Leit verännert.“

Den Escher Blog: „Wat ass fir Iech dat Wichtegst bei engem Brautkleed?“

Jean-Pierre Lucani: „Dat Wichtegst geet domadder un, datt et der Braut muss gefalen. D’Iddi ass jo datt et just een esou e Kleed gëtt am Liewen – „la robe pour la vie“ wéi een am Franséische seet. Natierlech ass do e grousse Pak hannendrun, mat Berodung, Erklärungen an datt dat genau muss sëtzen, net ze grouss, net ze kleng. Dat ass dat Allerwichtegst. Ech sinn do fir enger Braut eng gutt Berodung ze ginn, mee eraussiche muss d’Braut d’Kleed ëmmer selwer an dat geschitt meeschtens wann si der e puer umoossen. Wann si sech dann am Spigel kuckt an d’Häerz schléit e bësse méi séier, da si mär der Saach scho ganz no.“

Den Escher Blog: „Wat ass eng vun Äre Liblingsplazen zu Esch a firwat?“

Jean-Pierre Lucani: „Eng Plaz déi ech gären hunn ass eis Gemengeplaz. Ech fannen se ass ganz schéin an et ass jo och vill nei gemaach ginn an de leschte Joren. A wat mär virun allem do esou gutt gefält, ass datt do ëmmer vill schéin Evenementer sinn. Ob dat elo Fuesent, d’Pride oder aner Fester sinn. Déi Plaz ass multikulti an do kënnt ëmmer ganz Esch zesummen. Dat fannen ech ganz flott.“

Den Escher Blog: „Wann Dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?“

Jean-Pierre Lucani: „E gudden Tipp fir e jonke Commerçant ass, datt en sech gutt kann adaptéieren, fir seng Clientèle ëmmer en Ouer huet a virun allem datt en ëmmer léif a fei mat senge Clienten ass. Ech fannen dat ass hautdesdaags de groussen A an O am Geschäftsliewen. Wann een éierlech, fein a frëndlech ass, domat kënnt een am Wäitsten.“

Den Escher Blog: „Beschreift Esch an 3 Wieder.“

Jean-Pierre Lucani: „Minettmetropol, „vun der Long op d’Zong“ an authentesch. Esch ass d’Stad fir all Mënsch.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom