Flèche du Sud – Traditioun am Suedel

Flèche du Sud – Traditioun am Suedel
Sport

Den 8. Mee ass et erëm esou wäit. De Startschoss fir déi 73. Editioun vun der Flèche du Sud fält an d’Coureuren drécken an d’Pedallen. Gegrënnt am Joer 1949, huet sech d’Flèche du Sud iwwert Joren als eng international Etappecourse etabléiert an zitt all Joer grouss Nimm an zukünfteg Staren un.

Eng Course mat Geschicht

Déi éischt Flèche du Sud huet 1949 stattfonnt, nodeems d’Union Cycliste Esch mam Hubert Clément un der Spëtzt an de Vélosport Esch sech zesummegedoen haten. D’Iddi war einfach: den Depart sollt an der Kanalstrooss sinn an d’Arrivée all Kéiers an engem aneren Escher Quartier. De 16. Juli ass de Roby Bintz dunn als éischte Gewënner iwwer d’Zillinn gefuer an esou an d’Geschicht agaangen. Vill vun de bekannten Nimm vum Vëlosport sollten him folgen.

E Sprangbriet fir den Tour de France

D’Flèche du Sud an de legendären Tour de France hunn eng enk verbonne Geschicht, och wa wéineg Leit dat wëssen. Vill Championen an Talenter hunn hir éischt kompetitiv Schrëtt op der Course duerch de roude Buedem vum Lëtzebuerger Süde gemaach. De Charly Gaul ass wuel de bekanntsten (zweemolege) Gewënner vun der Flèche du Sud, deen duerno och den Tour de France gewonnen huet.

Aner Coureure konnten hir gutt Performance hei och a spéider Titelen ëmwandelen, dorënner zum Beispill de Bradley Wiggins an natierlech den Andy Schleck.

Duerch de Süden

Och haut nach, bestécht d’Flèche du Sud doduerch, dass ëmmer erëm eemoleg Talenter dobäi sinn. Den Trajet huet sech allerdéngs geännert, natierlech och duerch d’Topologie vun der Regioun an d’Ufuerderungen un eng modern Vëloscourse, déi säit 2005 iwwregens Deel vum UCI Europe Tour ass. Sou sinn am Laf vun der Zäit Etappen an all de Géigende vu Lëtzebuerg dobäi komm an d’Coureure queesch duerch d’Land gefuer.

Haut ass Start an Zil allerdéngs meeschtens op der nämmlechter Plaz, haaptsächlech aus organisatoreschen a praktesche Grënn.

E spannende Parcours

20 Ekippe, 120 Coureuren dovunner 19 Lëtzbuerger, ginn 2024 un de Start; mat engem variéierte Parcours, jee no de Lokalitéiten a verschiddenen Ecker vum Land wou d’Etappe stattfannen. Den 8. Mee geet et lass mat der Etapp Kanech-Kanech, wou et siwe mol de Bierg erop laanscht de Golf geet. Duerno komme Rëmeleng, Buerschent a Suessem drun. Zu Buerschent steet eng Schleef vun 80 km um Programm déi et a sech huet, besonnesch wann et duerno nach dräi mol de Bourschenter eropgeet.

Am Contre-la-montre zu Suessem geet et och ëm all Sekonn, woubäi den Highlight natierlech déi final Etapp zu Esch ass.

Vun Esch op Esch

Den 12. Mee dann ass déi 5. Etapp, déi wéi d’lescht Joer op der Brillplaz ugeet an och ophält. 24,3 Kilometer ass den Tour laang, sou dass d’Coureuren am ganze sechs mol passéieren. Hei ass dann natierlech och fir Iessen, Gedrénks an Ënnerhalung gesuergt, sou dass een d’Flèche du Sud zu engem flotten Dag fir déi ganz Famill maache kann. Och op deenen aneren Etappe ginn et flott Plaze wou een no bäikënnt fir d’Coureuren unzefeieren, woubäi een dobäi natierlech ëmmer sollt un d’Sécherheet denken.

Egal wou een d’Flèche du Sud kucke geet, ënnerhalend a sportlech usprochsvoll ass se ëmmer. A wie weess, vläicht gesäit ee jo den zukünftege Gewënner vum Tour de France vu ganz no.

Fotoen: ©Gerard Schmit & ©Collection Privée Gilles Bosseler

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom