Héritage Esch2022 – De Resistenzmusée

Héritage Esch2022 – De Resistenzmusée
Culture, Esch2022

Zesumme mam Cathérine entdecke mär haut am Video de Resistenzmusée, respektiv de „Musée National de la Résistance et des Droits Humains“ wéi en elo offiziell heescht. Säit dem 30. Abrëll sinn hei d’Dieren erëm op.

No véier Joer Aarbechten, kann een hei an engem neien a  beandrockende Kader alles iwwer d’Zäit vum Zweete Weltkrich, d‘Besetzung vu Lëtzebuerg, d’Resistenz an d’Mënschrechter deemools an haut gewuer ginn. Kuckt Iech de Video un an entdeckt wéi de Resistenzmusée op spannend, interaktiv an mënschlech Aart a Weis senge Visiteure dës wichteg Sujete méi no bréngt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom