Biennale 2024 – Kulturhaaptstad an Architektur

Biennale 2024 – Kulturhaaptstad an Architektur
Culture

Esch2022 huet en Ofdrock hannerlooss, deen esou séier net ewech geet. Wann ee bis eng Kéier zur Kulturhaaptstad ernannt gëtt, da bleift dësen Titel fir ëmmer. An deem Sënn huet d’Stad Esch och de Label „Esch Capitale Culturelle“ lancéiert, fir sengen Awunner weiderhin eenzegaarteg kulturell Erliefnisser ze bidden a sech och international als Kulturhaaptstad ze etabléieren. Fir de Lancement richteg ze feieren, organiséiert d’Stad Esch dëst Joer seng alleréischt Biennale an dat zum Thema Architektur.

Wat ass eng Biennale?

Eng Biennale ass en internationale kulturellen Event deen all zwee Joer stattfënnt an dee Kënschtler a Kënschtlerinnen zesummebréngt fir hir Kreatiounen an enger bestëmmter Stad ze presentéieren – an dësem Fall natierlech Esch. Hei kënnen d’Visiteuren dann eng Vilfalt vun artistesche Wierker entdecken, dorënner, Molerei, Skulpturen, Stroossekonscht an digital Konscht. Och wann de Begrëff „Biennale“ e bëssen abstrakt kléngt, ass et en interaktiven an authenteschen Event deen d’Méiglechkeet huet kënschtleresch a geografesch Grenzen ze iwwerwannen.

Architektur

D’Biennale, coordonéiert vun der frEsch ASBL, soll dobäi eng immersiv Erfarung iwwer e puer Méint sinn, dëst zu engem spezifeschen Thema dat vun de Curateure gewielt gouf. Esch-Uelzecht, eng Stad mat ville Geschichten a geformt duerch hir Leit an hir Natur, feiert d’Biennale zum Thema „Architektur“. Dobäi soll erfuerscht gi wéi Architektur an urban Raim eist Zesummeliewe beaflossen a prägen. E Konzept dat gutt bei eng Stad mat enger multi-kultureller Communautéit, enger eenzegaarteger Topographie an enger beweegter Geschicht passt.

Evenementer

Duerch déi ganz Stad verdeelt fannen ab dem 17. Mee vill verschidden Evenementer statt. D’Ouverture vun der Biennale geet lass mam Spektakel „Reesch E’vol“, quasi eng nei Oplag vum original „Reesch“ Spektakel vun der Nuit de la Culture 2022. E weideren Highlight ass d’Ausstellung „DIS-PLACED“ an der Konschthal, déi ee vu Juli 2024 bis Januar 2025 besiche kann. Hei dréit sech alles ëm déi Leit, déi an den „Architekture“ wunnen, oder eben dorauser deplacéiert ginn.

Grouss Staren

„Elektron“ ass en neiaartege Konschtprogramm, dee Konscht an digital Medie matenee verschmëlze léist. Dëse Programm fënnt parallel zur Biennale statt a soll en Treffpunkt fir Spezialiste vun der Konscht an der digitaler Welt ginn, genau sou wéi och virwëlzeg Nuesen unzéien. An da ginn et natierlech nach déi grouss Feieren, wéi de Francofolies Festival um Gaalgebierg, dee vum 6. Bis de 9. Juni stattfënnt. Grouss Stare wéi den David Guetta, Ninho a Shaka Ponk sinn hei um Rendez-vous.

De genaue Programm

Vu Mee bis September 2024 ass Esch eng reegelrecht Bün voll mat spannenden an interessanten Evenementer fir all Goût: „Secret Sessions“ an der Kufa, en Dag zum Thema Autosmechanik, „Verschéck m’Esch“ an der Escher Bibliothéik, verschidde Konferenzen am Resistenzmusée, asw. – et ginn der ze vill fir opzezielen.

Wien elo Loscht krut a schonn de genaue Programm wëll studéieren, dee fënnt all déi wichteg Informatiounen op https://eschcapitaleculturelle.lu/. Do soll nach ee soen zu Esch wier näischt lass!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom