Eisen Tipp fir de Weekend: Ouverture vun der Biennale Culturelle

Eisen Tipp fir de Weekend: Ouverture vun der Biennale Culturelle
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend, de 17. an 18. Mee erwaart Esch e ganz besonnesche Spektakel. D‘Biennale Culturelle 2024 fänkt nämlech un, an dëst mat enger grousser Ouverture an dem Spektakel „Reesch E’vol“.

Zeréck op Esch

„Reesch“, eng Fusioun vun de Wieder „Rees“ an „Esch“ war scho wärend der Nuit de la Culture 2022 zu Esch ze gesi. Zäitgenëssesch Konscht an Zirkusakrobatik fusionéieren hei an ziele vun der Metamorphose vun Esch: vun der Industriestad hin zur kultureller Haaptstad. Um Virowend vun der „Biennale 2024 – Architektur“ kënnt d’Show zeréck mat engem neie Kapitel „Reesch E’vol“, deen de kulturellen Elan vun der Stad markéiert.

Spektakulär

Mat méi wéi drësseg Kënschtler op der Bün, kombinéiert d’Show talentéiert Akrobate mat internationaler Carrière mat villverspriechende lokalen Dänzer déi zesumme mat der aussergewéinlecher artistescher Ekipp speziell ausgewielt an trainéiert goufen. Den Szenario vun der Performance ass vum Sean McKeown, e renomméierte Szenarist vum Cirque du Soleil, woubäi dat Ganzt vum Crystal Manich a vum Mukhtar O. S. Mukhtar orchestréiert gouf, déi och schonn am Cirque du Soleil, bei der Half-time Show vum Superbowl oder der Ouverture vun den Olympesche Spiller zu Peking aktiv waren.

Nach méi

Co-produzéiert vum Violeta Frank (VF ART PROJECTS) an der Nuit de la Culture, versprécht „Reesch E’vol“ e magescht Erliefnis vu 50 Minutte fir Grouss a Kleng. E Samschdeg, den 18. Mee geet et virdrun nach mat engem Zirkustour duerch d’Stad, wou et deem engen oder anere kéint schwindeleg ginn. An da waarden natierlech nach all déi aner interessant a spannend Evenementer vun der Biennale dorop iwwert déi nächst Weekender entdeckt ze ginn. De genaue Programm fannt Dir hei: https://eschcapitaleculturelle.lu/fr/programmation

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom