Kaf Lokal – No un der Quell

Kaf Lokal – No un der Quell
Gastronomie, Shopping

Zënter bal dräi Joer suergt de Kaf Lokal an der Uelzechtstrooss fir lokal Produiten, gutt Iessen an en Hauch vun Duerfcafé-Atmosphär. Am Interview erzielen de Carlos Breda vum CIGL, ënnert deem senger Leedung de Kaf Lokal leeft, a seng Mataarbechterinnen d‘Paula an d‘Janine vu lokalem Commerce a wat de Kaf Lokal esou ausmécht.

Den Escher Blog: „Wat ass de Kaf Lokal?“

Carlos Breda: „De Kaf Lokal ass eng Initiative vum CIGL Esch, déi als Ziel huet, de lokale Commerce ze stäerken. Dës Initiativ fokusséiert sech op de Verkaf an de Konsum vu lokale Produkter, dorënner Liewensmëttel, Konscht, a verschidden Handwierksartikelen. Duerch dësen Engagement gëtt de lokale Maart gefërdert an d’Nohaltegkeet vun der Produktioun geséchert.“

Den Escher Blog: „Wéi huet de Kaf Lokal sech an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?“

Carlos Breda: „De Kaf Lokal huet eng markant Entwécklung erlieft. Méi a méi Produzenten aus der Ëmgéigend vun Esch sinn der Initiative bäigetrueden, wat zu enger grousser Varietéit u lokal produzéierte Produkter gefouert huet. Zousätzlech hu mär d’Offer an eiser Brasserie erweidert, mat wöchentlechen neie Suggestiounen, déi eis Clientèle begeeschteren. An 2023 konnte mär e Wuesstum vu bal 50% am Chiffre d’affaire bemierken, wat den Erfolleg vun eisem Konzept bestätegt.“

Paula: „Mär hunn eis iwerluecht wéi mär eis wëllen entwéckelen an hunn och eng weider Persoun agestallt fir dat alles an d’Weeër ze leeden an och de Volet Epicerie weider auszebauen. An dann wëlle mär natierlech och weider Atelieren ubidden an déi lokal Produiten a kleng Produzente promouvéieren.“

Janine: „Mär kucken am grousse Ganzen eng gutt Mëtt ze fannen, tëschent den Associatiounen a lokale Produzenten. Deemno organiséiere mär am Wiessel Workshoppe mat Organisatiounen genau sou wéi d’Kenneléiere vun eise Produzenten. D’lescht Joer hate mär zum Beispill d’Beiewoch. Do hate mär e Menü ronderëm den Hunneg, den Apiculteur war hei fir iwwert seng Aarbecht ze schwätzen an dat hu mär verbonne mat engem flotten Atelier mam Service de la Jeunesse vun Esch wou si Lutschen a Kamelle gemaach hunn.“

Den Escher Blog: „Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?“

Carlos Breda: „Ech war positiv iwwerrascht, wéi séier d’lokal Bevëlkerung d’Konzept vum Kaf Lokal ugeholl huet. D’Leit ënnerstëtzen net nëmmen eis lokal Produzenten duerch hire Kaf, mee si schätzen och de sozialen Aspekt vun eisem Projet. Vill Clienten notzen de Kaf Lokal net nëmme fir ze kafen, mee och fir sozial Interaktiounen, ählech wéi an engem traditionellen Duerfcafé.“

Den Escher Blog: „Ginn et speziell Pläng fir d’Zukunft vum Kaf Lokal?“

Carlos Breda: „An der Zukunft wëlle mär eis Initiative weider nohalteg an ëmweltfrëndlech gestalten. Dat beinhalt d’Erweiderung vun eisem Sortiment u Bio-Produkter an d’Reduktioun vu Plastiksverpackungen, zum Beispill andeems mär nach méi Produiten aus dem Escher Geméisguart ubidden. Zousätzlech plange mär, eis Sensibiliséierungsaarbecht ze verstäerken, souwuel mat private Produzente wéi och mat ASBLen, fir hinne méi Visibilitéit an Ënnerstëtzung ze bidden.“

Janine: „Mär hunn eng ganz Rei Eventer geplangt am Verlaf vum Joer. Am Juli hu mär en Evenement mat der Distillerie Adam, am August ass den Dag vun der Fotografie, am Oktober ass de Smart-Phone Café erëm hei an am November as de Welt Vegan Dag. Och dotëschent ginn et vill spannend Saachen ze entdecken. Et lount sech deemno ëmmer laanschtzekommen.“

Den Escher Blog: „Wann Dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?“

Carlos Breda: „Ech géif all Commerçant zu Esch roden, d’Wichtegkeet vun der Kommunikatioun mat der lokaler Gemeinschaft net ze ënnerschätzen. En aktiven Dialog mat Clienten ze fërderen kann essenziell sinn, fir d’Bedierfnesser an d’Erwaardunge vun der Communautéit besser ze verstoen. Dëst kann d’Grondlag si fir d’Offer u Produiten an d’Servicequalitéit ze verbesseren an esou e staarke Lien mat der Clientèle opzebauen.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom