Eisen Tipp vun der Woch: „Move & Bike“ zu Esch

Eisen Tipp vun der Woch: „Move & Bike“ zu Esch
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Den Tipp vun dëser Woch, ass déi zweet Editioun vun der Escher Bike Night, déi dëst Joer ënnert liicht verännertem Format stattfënnt.

Beweegung

Nom Succès vun der éischter Bike Night, soll och dëst Joer erëm en Event ronderëm d’Thema Vëlo a Beweegung stattfannen. Fir sech awer net nëmmen op de Vëlo ze konzentréieren, dréint sech dës Kéier alles ëm d’Sujete Sport a Beweegung am Allgemengen, dëst ënnert dem Numm „Move & Bike“. Sou wëll den Escher Office du Sport nach méi Leit, a virun allem Kanner, uschwätzen a fir Beweegung zu Esch suergen. Mat der Ënnerstëtzung vun all den Escher Maison Relais sollt dat och klappen.

Verschidden Aktivitéiten

Eng ganz Rei ofwiesslungsräich Aktivitéite kënnen d’Kanner hei entdecken. No hirem Erfolleg d’lescht Joer stinn zum Beispill de Viki Gomez Workshop & Show, de Looping Bike, de Grénge Vëlo an de Verkéiersguart erëm um Programm. Dobäi geselle sech eng ganz Panoplie vu weidere Mini-Sportspiller wéi Tchoukball, Spikeball oder e Parkour Atelier. Fir dass och d’Hëften e bësse schwéngen, suergt en DJ fir gutt Musek a fir den Honger an den Duuscht fënnt een och en entspriechende Stand op der Plaz.

Wéini a wou?

All d’Aktivitéiten, Sportspiller an Ateliere fannen Donneschdeg den 23. Mee op der Place de l’Académie zu Esch-Belval statt. Tëschent Universitéits Gebaier an den Héichiewe gëtt deemno vu 14:00 Auer mëttes bis 20:00 Auer Owes eppes gebueden. Kommt also mat Äre Kanner op d’Plaz a loosst se déi verschidden Aktivitéiten ausprobéieren – eventuell kënnt Dir esouguer mam Vëlo kommen. Dat géing natierlech gutt passen!

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom