Eisen Tipp fir de Weekend: En Dag an der Natur

Eisen Tipp fir de Weekend: En Dag an der Natur
L'idée du weekend

8. Juni 2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Wat gëtt et besseres wéi en Dag an der Natur ze verbréngen? Besonnesch wann dat net iergendeen Dag ass, mee den offiziellen „Dag an der Natur an um Minetttrail“.

Am Ellergronn

Fir den offiziellen „En Dag an der Natur“ hunn d’Organisateuren dëst Joer ganz déif an d’Trickkëscht gegraff. Nieft Wanderungen (mat Guide oder ouni) a verschiddenen Aktivitéiten, ginn et och Demonstratioune vun der Bëschaarbecht, Atelieren, Erzielungen, Musik, allerhand Stänn an e lokale Produzentemaart. De Gros dovunner fënnt een am Ellergronn, ronderëm den Naturschutzzentrum Ellergronn an de Restaurant Schmëdd.

Aktivitéite fir Grouss a Kleng

Nieft de scho genannten Aktivitéite ginn et zum Beispill och Bastelatelieren, Naturspiller, Outdoor Cooking, Aaxt- a Bouschéissen an e miniatur Bauerenhaff. An enger „Waldwerkstatt“ gëtt ee méi iwwer nohalteg Entwécklung an der Praxis gewuer, wéi e Bam ëmgeseet gëtt a wéi een aus Holz praktesch Objete fir doheem ka maachen. Dëst sinn awer just e puer vun den Aktivitéiten, de ganze Programm fannt Dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/dadn-lu/

Wandertour

Véier Wandertoure vu verschiddene Schwieregkeetsgrade stinn och um Programm. Dës kommen all Kéiers am Ellergronn un a starte vu Bieles aus (10km, liicht), vu Schëffleng aus (9km, mëttel) vun Téiteng aus (9km, mëttel) a vun Diddeleng aus (9km, schwéier). Dës Wanderunge kann een och mat engem Guide maachen, wann ee sech matzäiten umellt. Wann een dann am Ellergronn ukënnt, da kann een do e Maufel iessen, eppes drénken oder um lokale Produzentemaart eppes Flottes kafen.

Wéini a wou?

Wie sech also inspiréiert fillt e besonnesch flotten Dag an der Natur ze verbréngen an dobäi eppes iwwert d’Natur a seng Ëmwelt ze léieren, dee sollt sech den 8. Juni op de Wanderwee oder direkt an den Ellergronn maachen. Am beschte geet dat mam ëffentlechen Transport, mam Vëlo oder esouguer mat der Päerdskutsch. D’Auerzäite vun de verschiddenen Aktivitéite fannt Dir um offizielle Site: https://minett-biosphere.com/lu/projects/dadn-lu/ an um Flyer, deen Där op den übleche Plaze fannt.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom