Eisen Tipp fir de Weekend: Nuit du Sport zu Esch

Eisen Tipp fir de Weekend: Nuit du Sport zu Esch
Sport

8. Juni 2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Nieft dem Francofolies Festival an dem Dag an der Natur, invitéiert d’Stad Esch, hir vill Sportsveräiner a verschidden Associatiounen dëse Weekend och op d‘Nuit du Sport.

Sport fir jiddereen

Déi 15. Editioun vun der Nuit du Sport, eng Initiativ vum SNJ am Kader vun #LËTZEBUERGLIEFTSPORT, fënnt de Samschdeg 8. Juni ënnert dem Slogan „Maach mat a probéier aus“ an der Brillschoul a ronderëm d‘Place de la Résistance statt. Dës Editioun gëtt vum Sportservice vun der Stad Esch-Uelzecht mat der Participatioun vu verschiddenen Associatiounen aus der Gemeng, dem Service Jeunesse, esou wéi verschiddenen Moniteuren aus de Sportprogrammer „Intégration par le Sport“ a „Fit 60+“ organiséiert.

Sportlech inklusiv

D’Zil vun der Nuit du Sport ass et jidderengem d’Méiglechkeet ze gi verschidde sportlech Aktivitéiten auszeprobéieren, besonnesch de Kanner. Eng Hellewull u sportlechen Ateliere gi proposéiert, dorënner och de Programm „Sport pour tous“, dee sportlech inklusiv Erfarungen erméiglecht. Mat iwwer 1000 Participante bei der leschter Editioun versprecht och dëst Joer en Héichpunkt ze ginn, deen een sech op kee Fall sollt entgoe loossen.

All d‘Sportaarten

Op der Nuit du Sport kann een all méiglech Sportaarte ausprobéieren an esou eventuell op de Goût kommen. Dëst geet vun Ekippe Sportaarte wéi dem Fussball, bis bei eenzel Sportaarte wéi Tennis an Dëschtennis oder och emol méi seele Sportaarte wéi dem Petanque, Capoeira an dem Schach. Natierlech sinn och Aktivitéite wéi Fitness, Pilates, Kloteren oder esouguer Kampfsport vertrueden.

Ausprobéieren

Dobäi sinn dat nach net emol alleguer d’Sportaarten, deemno sollt een sech am beschten op der Plaz e Bild maachen. Et sollt also fir jiddereen eppes dobäi sinn. Probéiere kascht näischt, a wie weess, vläicht fënnt jo deen een oder aneren seng nei Passioun. Experimentéiere steet hei am um Plang, an dat vu 16:00 Auer bis 22:00 Auer. Wie schonn ëmmer wollt déi eng oder aner sportlech Aktivitéit ausprobéieren, deen huet dëse Weekend also d’Geleeënheet.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Emile Hengen, Ville d’Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom