3 Fragen an Claire – Gestion locative commerciale

3 Fragen an Claire – Gestion locative commerciale
Drei Fragen an...

Den Escher Blog: Wat ass d’Gestion locative commerciale?

Claire: D’Gestion locative commerciale ass eng innovativ Strategie vun der Stad Esch fir kommerziell Lokaler ze lounen an dës dann zu méi abordabele Präisser u Commerçante weiderzeverlounen. Duerch dës Initiativ kréien d’Proprietaire vun de Lokaler en zouverlässege Partner, d’Stad Esch, an d’Commerçante profitéiere vun engem reduzéierte Loyer. Sou kënne si sech méi einfach zu Esch installéieren an hir Aktivitéit hei developpéieren.

Den Escher Blog: Wat sinn d’Modalitéite vun esou enger Locatioun?

Claire: Et gi verschidde Modalitéiten. Déi wichtegst dovunner ass, dass esou eng Locatioun ëmmer op eng Dauer vun dräi Joer fixéiert ass. Am 1. Joer bezilt de Locataire, also de Commerçant deen sech do installéiert, zwee Drëttel vum Loyer, dat Joer drop fënnef Sechstel vum Loyer an dat drëtt Joer dann de volle Loyer. Ausserdeem verpflicht een sech drop duerno mam Proprietär ze negociéiere fir d’Geschäft (oder de Restaurant, etc.) ze perenniséieren.

E weidere Bonus ass, dass de Commerçant just zwee Méint Garantie Locative muss bezuelen, aplaz vun den übleche véier bis sechs Méint.

Den Escher Blog: Wat ass méiglech a wéi kann ee matmaachen?

Claire: Et ginn zwee verschidden Appel d’Offres déi kënnen ausgeschriwwe ginn. Dat éischt ass en allgemengen Opruff, wou Leit aus enger ganz Rei vu Secteure sech kënne mellen a kee spezifescht Lokal viséiert ass. Do gëtt dann duerno gekuckt wou, wat méiglech wier. Dat anert ass e spezifescht Verfaren, wou am Viraus d’Plaz, de Loyer an d’Conditiounen definéiert ginn. Den Appel d’Offres général gëtt am Prinzip zweemol pro Joer gemaach, an dee spezifeschen ëmmer wann e spezifescht Lokal an de Contingent opgeholl gëtt.

Falls een als Geschäftspersoun oder Restaurateur elo wëll bei esou engem Appel d’offres matmaachen, muss een en Dossier areechen. An dësem Dossier fënnt een da verschidden Dokumenter, wéi e Business Plang, d’Autorisation de Commerce, d’RCS Nummer an awer och e Plan de financement, deen och e „calcul de rentabilité“ enthält. Déi komplett Lëscht vun Dokumenter fënnt een ëmmer am Cahier de Charges wann en Opruff ausgeschriwwe gëtt.

D’Selectioun gëtt da vun engem Jury gemaach, déi zum Beispill och kuckt ob de Projet finanziell realistesch ass, unhand vun den ekonomeschen Donnéeë vun der Stad Esch. Aner Krittäre sinn zum Beispill d’Originalitéit vum Projet an natierlech och d’Qualitéit.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom