Gemeinschaftsgaart „Lafontaine“ – Zesummen am Gréngen

Gemeinschaftsgaart „Lafontaine“ – Zesummen am Gréngen
Inclusion & Diversité

D’Stad Esch zesumme mam Gäertnereiveräin „Escher Gaardefrënn“ hu sech mam CIGL zesummegedoe fir de Gemeinschaftsgaart „Lafontaine“ ze grënnen. Dëse fënnt ee säit Oktober 2023 an der Cité jardinière um Gaalgebierg a begeeschtert duerch säin Engagement a Saachen Educatioun, Ëmwelt a sozial Inklusioun.

Zesummen

De Gemeinschaftsgaart „Lafontaine“ ass virun allem als Treffpunkt konzipéiert, wou Bierger, Veräiner, Schoulen a Seniore kënnen openeen treffen. Sou sinn zum Beispill all d’Ubauflächen an d’Plaze wou een sech ausroue kann esou ugeluecht dass se fir edukativ a gemeinschaftlech Aktivitéite kënne genotzt ginn. Ausserdeem, fënnt de Projet an engem Kontext vun der sozialer a solidarescher Wirtschaft statt, wou Aarbechter déi an enger Insertiounsmesure si vu Weiderbildungen an den Ëmweltberuffer profitéieren.

Ökolgesch entwéckelt

De Gaart benotzt och verschidden ökologesch Techniken déi der Ëmwelt zu Gutt kommen. D‘Reewaasser gëtt gesammelt a beim Bau sinn haaptsächlech natierlech a recycléiert Materialien zum Asaz komm. E Weier fir d’Biodiversitéit, Stëtzmaueren aus dréchenem Steen an d’Photovoltaikanlag droen och hiren Deel zur Ëmweltfrëndlechkeet vum Gaart bäi. Dobäi kënnt nach déi grouss Varietéit vu Planzen déi d’Biodiversitéit ënnerstëtzen a vill kleng Habitater fir déi lokal Fauna bidden.

Accessibel

D’Accessibilitéit spillt och eng grouss Roll mat accessibele Weeër an enger Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Leit vun alle Generatiounen an Ëmstänn sollen esou hire Wee an de Gemeinschaftsgaart „Lafontaine“ kënne fannen, hei hir d’Wëssen oder einfach eng gutt Zäit mat deenen aneren deelen an eppes dobäiléieren. Et ass also e konkret Beispill fir eng nohalteg, sozial an edukativ Initiativ. Méi Informatioune fannt dir online a fir Froe kënnt Dir Iech un ecologie(@)villeesch.lu oder den Telefon 2654 1541 wenden.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom