Cycles Rasqui – Vum Vëlosboom an dem Escher Vëlodukt

Cycles Rasqui – Vum Vëlosboom an dem Escher Vëlodukt
Shopping

Den Escher Blog: „Wat ass Cycles Rasqui?“

Cycles Rasqui ass e Vëlosgeschäft. An der Zäit ware mär e Familljebetrib, mee zënter 40-50 Joer si mär dat net méi. Mär wollten den Numm awer hei an Esch behalen. An ech si ganz stolz deen Numm och weidergefouert ze hunn, an dat lo scho säit 23 Joer.

Mär probéieren de Service grouss ze halen. Et ass net ëmmer evident, mee dat kënnt mol un éischter Plaz, de Service. An da kënnt dat anert automatesch. D’Vente an d’Reparature kommen automatesch wann de Service stëmmt. Mär konzentréieren eis also haaptsächlech op Vëloen, mee et kommen ëmmer nei Saachen dobäi wéi Trottinetten. Elektresch Trottinettë ginn am Moment vill gefrot. Mär hunn eis do och speziell forméiert fir eiser Clientèle besser hëllefen ze kënnen.

Den Escher Blog: „Wéi huet sech Cycles Rasqui an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?“

Zënter Covid huet sech vill verännert. Do gouf et ee grousse Boom. D’Leit ware vill dobannen an si wollten alleguerten hir Fräiheet erëm. Also hunn si e Vëlo kaf oder si lafe gaang. Och d’Hëllefen an d’Primme vum Staat hunn der Saach nach eng Kéier e richtege Push ginn. Dat war wierklech super fir eis.

Den Escher Blog: „Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?“

Jo, absolut. Ech si jo schonn ë bësse méi laang dobäi an déi ganz grouss Evolutioun, dat war wéi einfach, dass haut d’Leit sech an de Vëlo integréieren. An der Zäit war dat méi e richtege Sport an haut kënnt awer jidderee bei eis, also vum Hobbysportler bis bei déi Leit déi hir Kommissioune léiwer mam Vëlo wéi mam Auto maache wëllen. Also vill méi Leit bougéiere mam Vëlo wéi an der Zäit.

Den Escher Blog: „Ginn et speziell Pläng fir d’Zukunft vun Cycles Rasqui?“

Bei Cycles Rasqui elo net, mee an der Vëlosbranche gëtt et ëmmer eppes Neies. Mär hunn zum Beispill e Partenariat mat Bosch an si wëlle gären de Vëlo vill méi liicht maachen. Do gëtt vill dru geschafft. Och d’Batterie vun den Elektro-Vëloe wäerten ëmmer méi kleng ginn.

Den Escher Blog: „Wat ass eng vun Äre Liblingsplazen zu Esch a firwat?“

Hei gëtt et déi beschte Plaz op der Welt, oder? Dat ass de Vëlodukt. Et ass eng grouss Éier fir d’Escher Geschäftsleit, dass mär hei déi gréisste Vëlosbréck aus Europa hunn. De Retour ass do ganz positiv. Do si scho vill Leit bei mech komm fir mech ze froe wou déi Bréck ass fir sech dat emol unzekucken.

Den Escher Blog: „Wann Dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?“

Un Esch gleewen! An net alles nolauschtere wat d’Leit esou zielen. Et héiert een ëmmer vill, mee wann ech mat de Kolleegen aus anere Gemenge schwätzen, geet et eis all d’nämmlecht. Esch ass eng ganz schéi Stad an si ass amgaang sech richteg ze verwandelen. An dat gesäit een.

Den Escher Blog: „Beschreift Cycles Rasqui an 3 Wieder!“

Mär probéieren ëmmer eis Bescht ze maachen. Mär lauschteren eise Clienten no. An dat anert kënnt automatesch.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom