Didakids – D’Passioun fir Kannerkleeder

Didakids – D’Passioun fir Kannerkleeder
Shopping

Wärend sengem Studium zum Sportsproff huet d’Diana deelzäit an engem Kannerbuttek geschafft fir seng Studien ze finanzéieren. Hei huet hatt seng Passioun fonnt an zeréck a Lëtzebuerg, huet d’Diana Didakids zu Esch opgemaach, e Buttek fir Kannerkleeder an Accessoiren.

Vu Kannerkleeder bis Zeremonie

Am Juni 2021 ass Didakids eng éischte Kéier um Belval opgaangen. Dräi Joer méi spéit, huet d’Kannergeschäft elo an der Uelzechtstrooss seng nei Plaz fonnt. Am Geschäft fënnt ee vill portugisesch a spuenesch Marken erëm. „Mär ass et wichteg europäesch Marken ze verkafen, déi qualitativ héichwäerteg sinn.”, erkläert d’Diana. Esou hunn si nieft Mayoral, Igor, Ativo a Meia Pata och eng grouss Auswiel un zeremonielle Kleeder fir Kanddafen a Kommuniounen. Fir Kanner vun 0 bis 10 Joer fënnt ee bei Didakids déi perfekte Combinaisonen. An d’Diana hëlleft och gären dobäi déi passend Accessoiren zum neien Outfit ze fannen.

Solo-Entrepreneur

D’Diana huet als Schülerin am Lallenger Lycée Commerce gemaach an do d’Grondlag fir hir Entreprise geschaf. Obwuel hatt als Schülerin vu Commerce nach manner begeeschtert war, geréiert  hatt de Betrib eleng an ass do och ganz houfreg drop. “Et ass net ëmmer einfach. Ech hu vill geléiert a léieren nach ëmmer bei. Mee et mécht mär immens vill Spaass.”, erzielt d’Diana.

Vun iwwerall

D’Clientèle vun Didakids ass ganz gemëscht. „Vill Grousseltere kommen heihinner fir hiren Enkelen e Kaddo ze maachen“, erzielt d’Diana. Mee och Amateure vun de Marke kommen ëmmer erëm laanscht kucken, wat et Neies bei Didakids gëtt. „Fir d’Zeremonie Kleeder kommen d’Leit esouguer aus dem Norde vum Land heihi gefuer. Hei geet eis Offer och bis 16 Joer“, erkläert d’Diana.

Zeréck op Esch

An der Jugend ass d’Diana no der Schoul ëmmer mat hire Frëndinnen an Esch shoppe gaang. Haut kommen d’Leit bei d’Diana shoppen. Hatt ass gespaant wéi sech de Buttek op senger neier Adress entwéckele wäert a freet sech mat Didakids en neit Doheem am Häerze vun Esch fonnt ze hunn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom