Là-bas – En Theaterstéck vum Grupp PATE

Là-bas – En Theaterstéck vum Grupp PATE
Culture, Inclusion & Diversité

Den Theatergrupp PATE (Petit Atelier Théâtre Esch) vum Service Jeunesse Esch gëtt et scho säit 10 Joer. An dësem Grupp treffen sech all Joer Jonker tëschent 12 a 30 Joer a bréngen hir Passioun zum Theater zum Liewen. Den 12. an 13. Juli trieden si mat hirem Theaterstéck „Là-bas“ am Escher Theater op.

1 Joer Aarbecht

Vun Oktober bis Dezember gesinn sech déi Jonk eemol d’Woch fir verschidden Exercicer mat Bezuch op den Theater ze maachen. Si schaffe mat der Ootmung, trainéieren hir Stëmm, léiere wou een op enger Bün stoe soll a wat de Beruff vum Schauspiller alles mat sech bréngt. Ab Januar fänkt de Grupp un den Optrëtt am Juli ze preparéieren. Et ginn Iddie gesammelt, Texter geschriwwen an d’Mise en scène definéiert.

Amateuren a Professioneller zesumme bréngen

Fir beim Theatergrupp PATE matzemaachen, kann een sech all Joer am September beim Service Jeunesse umellen. Deemno sinn all Joers nei Gesichter dobäi, déi den Theater nei fir sech entdecken. Anerer bleiwen dem Projet iwwer méi Joren trei. Sou zum Beispill de Saif Eddine Settif. Hien huet dem Service Jeunesse dësen Theaterprojet virun 10 Joer proposéiert. Haut ass hien den Directeur artistique a setzt d’Stécker zesumme mat deene Jonken ëm. Och professionell Dänzer a Sänger kommen am Laf vum Joer laanscht fir dem Grupp hire Beruff virzestellen. An och den Escher Theater hëlleft bei der Ëmsetzung vum Stéck mat der Technik an engem professionelle Bünebild.

Là-bas

Dëst Joer setzen sech di Jonk mat der illegaler Migratioun auserneen. Am Stéck „Là-bas“ verloosse Fraen hir Heemecht fir enzwousch aneschts hiert Gléck ze fannen. De Grupp geet op d’Grënn a firwat d‘Fraen hir Heemecht verloossen, wat si sech vun hirer neier Heemecht wënschen a firwat hir Pläng net ëmmer esou funktionéieren, wéi si sech dat virgestallt hunn. E komplexe Sujet mat dem sech déi Jonk, zesumme mam Service Jeunesse, vill beschäftegt hunn. Hei leieren si och sech faktuell mat engem Sujet auserneen ze setzen, Quellen ze iwwerpréiwen an Informatiounen ze validéieren.

Den Optrëtt am Escher Theater ass den Ofschloss an den Highlight vun engem Joer Aarbecht. Den 12. an 13. Juli kënnt Dir Iech d’Stéck „Là-bas“ am Escher Theater ukucken. Tickete kritt Dir um Site vum Escher Theater.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom