Summer zu Esch – Luxembourg Pride

Summer zu Esch – Luxembourg Pride
L'idée du weekend, Inclusion & Diversité

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Summer hu mär all Woch nei Tipps wéi Där vum Summer zu Esch profitéiere kënnt.

Nach bis de 14. Juli ass Pride Week an dëse Weekend, den 13. & 14. Juli, steet d’Street Fest zu Esch um Programm.

Luxembourg Pride

Luxembourg Pride feiert dëst Joer säi 25. Gebuertsdag. Säit 2010 sinn si, ënner anerem, zu Esch doheem a sti säitdeem all Joer fir d’Rechter vun der LGBTIQ+ Communautéit zu Lëtzebuerg an. De Samschden, 13. a Sonnde 14. Juli steet d’Street Fest un, den Highlight vun der Pride Week zu Lëtzebuerg. “Zënter ville Joren ass d’Street Fest dat populäerst Element vun eiser Pride Week, déi politesch Theme mat der Queer-Kultur verbënnt. Mär gesinn d’Street Fest als eng Invitatioun un déi ganz Gesellschaft, fir déi faarweg Diversitéit vum Zesummeliewe mat eis ze feieren.”, esou Luxembourg Pride.

Street Fest

Den Ufank mécht den Equality March, den 13. Juli ab 13:00 Auer. Hei weist sech d’ Communautéit vun all hire Säiten a Faarwen. Samschdes a Sonndes ass am Zentrum vun Esch op zwou Bünen de ganzen Nomëtteg bis an den Owend era fir gutt Musek gesuergt. Vu lokalen Acts an DJs bis zu internationale Vertrieder*innen ass hei fir jiddereen eppes dobäi. Den Highlight ass Sonndes Mëttes den Optrëtt vum Conchita Wurst, déi ee vum Eurovision Song Contest kennt.

Pride Week

Déi ganz Woch iwwer stinn nach eng ganz Réi aner Eventer ronderëm d’Luxembourg Pride um Programm. An der Escher Bibliothéik ass e Mëttwoch, den 10. Juli, an dem Kader den Diva Storytelling. Hei hëlt d’Séraphine d’Visiteure mat an eng Märchenwelt, wéi Där se bis elo nach net begéint hutt. Fir d’Liesung muss een sech am Virfeld iwwer events.bibliotheque@villeesch.lu umellen.

All d’Informatiounen an de genaue Programm fannt Där op luxembourgpride.lu.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik.  War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

© Ville d’Esch / Pride Luxembourg

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom