Eisen Tipp fir de Weekend – vu Shopping bis Fussball

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend ass zu Esch sou munches lass. Vun der Luxembourg Pride, iwwert d’EM-Finall bis zur Braderie ass hei sécherlech fir jiddereen eppes dobäi.
Journée française

Fir de franséischen Nationalfeierdag, de 14. Juli, lueden d’Escher Geschäftsleit och dëse Weekend erëm op hir traditionell Braderie an. D’Butteker si Sonndes vun 10:00 bis 18:00 op a lackele mat gudden Offeren a flotte Remisen. Nieft dem Shopping gëtt et och vill Animatioun fir Grouss a Kleng an der Uelzechtstrooss. D’Parkinge bei der Gemeng an der Place de la Résistance si sonndes och gratis.
Luxembourg Pride

Ween nom Shopping nach net genuch huet, dee kann sech d’Concerte vum Street Festival am Kader vun der Luxembourg Pride ulauschteren. De Sonndeg trëtt hei ënner anerem d’Conchita Wurst op der Bün bei der Gemeng op. De ganze Programm vun der Luxembourg Pride fannt Där op hirem site https://luxembourgpride.lu/ a méi Infos gëtt et och um Escher Blog.
Public Viewing

Ween sech d’Final vun der UEFA Euro tëscht Spuenien an England net wëll entgoe loossen, dee kann sech de Match um Public Viewing op der Place de la Résistance ukucken. Hei kënnt Där Iech no engem laangen Dag zu Esch mat Gegrills a Gedrénks vun Escher Veräiner stäerken a mat aneren Experten iwwert Handspill an Eelefmeter fachsimpelen.
Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.