Eisen Tipp fir de Weekend – Animatioun an der Uelzechtstrooss

Eisen Tipp fir de Weekend – Animatioun an der Uelzechtstrooss
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. An a ronderëm d’Uelzechtstrooss sinn nach bis an de September all Weekend Animatioune programméiert déi grouss a kleng ënnerhalen.

Street Animation

Vum 14. Juli bis den 14. September erwaarden Iech an der Uelzechtstrooss all Samschde flott Animatioune fir Grouss a Kleng. Hei kënnt Där all Woch eng nei Animatioun entdecken, sief et Majoretten, eng Drum Band, de schwiewenden Dr. Musikus, Balkonkünstler, riseg Seefeblosen, Fanfaren an nach vill méi. Si suerge fir Ënnerhalung an déi néideg Ofwiesslung beim Shopping-Trip zu Esch.

Den 3. August si Stelzeleefer, Ballonkünstler an den Dr. Musikus an der Strooss ënnerwee an zauberen de Passanten e Laachen an d’Gesiicht.

Zousätzlech kënnen d’Kanner dës Woch bei XXL Ateliere matmaachen, an am grousse Stil “Mensch ärgere dich nicht” a  Schach spillen.

Pop-Up Rue des Remparts

An der Rue des Remparts gëtt et säit dëser Woch en Summer Pop-Up dee fir eng relax a summerlech Ambiance am Zentrum vun Esch suergt. Hei goufen nei ephemère Gäert eriicht fir der Plaz e natierlech Kader ze ginn a géint d’Sonn am Summer ze schützen. D’Terasse vun de Geschäfter goufe vergréissert a fir Kanner ginn et flott Installatiounen fir drop ze spillen. De Summer Pop-Up ass natierlech net just Weekend op, mee all Dag an dat nach bis den 25. September.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik.  War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom