Urban Konscht – D’Faarwe vun Esch

Urban Konscht – D’Faarwe vun Esch
Culture

Am Kader vum Projet „Kufa’s Urban Art Esch“ sinn zu Esch eng ganz Rei Konschtwierker entstanen, déi een am Alldag entdecke kann. D’Zil vun dësem Projet war et den urbane Raum nohalteg ze veränneren an de sozialen Zesummenhalt iwwert e breet gefächerte Programm ze fërderen. Am Ganze sinn tëschent 2014 an 2022 esou ëm déi 70 Konschtwierker zu Esch kreéiert ginn. De Projet ass zwar 2022 op en Enn gaangen, mee d’Konschtwierker sinn nach ëmmer do.

An eisem Video kënnt Dir der dovunner e puer entdecken. Falls Dir d’Wierker aus dem Video wëllt selwer kucke goen, da fannt Dir ënnert dem Video eng Lëscht vun de Wierker, an der Reiefolleg wéi se am Video ze gesi sinn. Méi Detailer zu de Wierker a Kënschtler, sou wéi all déi aner Wierker déi net am Video sinn, fannt Dir hei: https://www.kufasurbanartesch.lu/frescoes

Untitled (bei der Entrée vun der Kufa), Sumo (LU) 2014

116 Rue de Luxembourg, 4221 Esch-sur-Alzette

Survivors (op der Säit vun der Brillshoul), Dulk (ES)

1 Pl. de la Résistance, 4041 Esch-sur-Alzette

Ligne d’eau (ënnen an der Escher Gare), Pantonio (PT) 2021

1 Bd John Fitzgerald Kennedy, 4170 Esch-sur-Alzette

No borders for humans and animals (Vum Rondpoit Richtung rte de Belval), Okuda (ES) 2017

Rond Point Um Daïch: Bvd prince Henry / Rte de Belval

Living Together (op der Säit vum Gebäi), Helen Bur (GB) 2018

10 Op der Léier (accès rue Léon Metz), 4149 Esch-sur-Alzette

Like a fish in the sea (op der Säit vum Gebäi), Daniel Mac Lloyd (LU) 2017

Ecole du Brill, Annexe Terres Rouges, 4023 Esch-sur-Alzette

A.D 2117 (op der Säit vum Gebäi), Natalia Rak (PL) 2017

1, bvd Pierre Dupong, 4086 Esch-sur-Alzette

 Thierry van Werveke (Uewen op der Fassade vun der Kufa), Chekos‘Art (IT) 2014

116 Rue de Luxembourg, 4221 Esch-sur-Alzette

The Outsiders (op der Säit vun der Kufa), Sepe & Chazmo 718 (PL) 2014

116 Rue de Luxembourg, 4221 Esch-sur-Alzette

ArtistESCH (op der Säit vum Gebäi), Mariana Duarte Santos (PT) 2022

12 Cité Dr Nicolas Schaeftgen, 4315 Esch-sur-Alzette

Rollercoaster (op der Mauer laanscht d’Strooss), Sandra Biewers (LU) 2018

Kräizung rue Dicks & bvd John F. Kennedy, 4170 Esch-sur-Alzette

Roger Manderscheid & Pol Greisch (riets wann een op d’Kufa kuckt), Chekos‘Art (IT) 2014

116 Rue de Luxembourg, 4221 Esch-sur-Alzette

 Curiosity feeds imagination (um Haus nieft der Brasserie K116), Mantra (FR) 2016

116 Rue de Luxembourg, 4221 Esch-sur-Alzette

Temple (de bloe Gazebo), Lisa Junius (LU) 2021

Kiosque, Parc Gaalgebierg, 4142 Esch-sur-Alzette

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom