Eisen Tipp fir de Weekend: Liewen zu Esch

Eisen Tipp fir de Weekend: Liewen zu Esch
L'idée du weekend

21.09.2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend steet d’Journée d’Accueil „Liewen zu Esch“ um Programm. Dësen Dag riicht sech virun allem un nei Biirger*innen, awer och un all déi déi Loscht hunn sech iwwer hir Stad ze informéieren oder aner Escher*inne kennenzeléieren. Op der Brillplaz erwaarden Iech de ganzen Dag iwwer Informatiounsstänn, interaktiv Atelieren, Musek, Animatioun an nach vill méi fir Grouss a Kleng.

Informéieren, léieren an ameséieren

De ganzen Dag iwwer fënnt een och Informatiounsstänn, interaktiv Atelieren a verschidden Animatioune fir Kanner um Liewen zu Esch. Hei kann ee sech generell Informatiounen zur kultureller Offer fir Jonk an Al oder dem Liewen zu Esch anhuelen, aner Awunner*inne kenneléieren, u verschiddenen Aktivitéiten deelhuelen, Animatiounen a Spektakele bestaunen oder divers kulinaresch Stänn entdecken. Fir den Honger ass also och gesuergt, fir wann een eng kleng Stäerkung brauch.

Virun allem den Atelier „Wëllkommen zu Esch“ riicht sech un d’Escher Bierger a soll en Dialog tëschent Noperen sou wéi den Engagement fir lokal Aktivitéite fërderen. Op interaktiv Aart a Weis gëtt sech hei op aktiv Biergerschaft, lëtzebuergesch Kultur, Escher Kultur, Noperschaft an d’Gefill zesummen ze gehéiere konzentréiert. Den Ofschloss vum Atelier gëtt duerch e spannende Rallye gemaach. Donieft ginn et nach eng ganz Rei aner Aktivitéiten an Informatiounsstänn zu verschiddene Sujete wéi Diversitéit, Jugend, Kandheet, Kultur, Senioreliewen, Sport, asw.

Méi Informatiounen iwwert d‘Atelieren an déi verschidden Informatiounsstänn, fannt Där op : https://liewenzuesch.esch.lu/

E bëssen Zauberei

Ënnert den Animatiounen a Workshops fënnt een net nëmme Villes, wat bei de Kanner fir Begeeschterung suergt. Ab 10:30 suergt den DJ Ciano fir déi richteg Musek. Um 11 Auer moies verzaubert d’Emma Schütz mat senge Kaartentricker an anere mageschen Iwwerraschungen. Mat engem gudde Gespier fir Kanner, zitt hatt jiddereen a säi Bann. Um 12:10 bréngen d’LuxIndancers hiren orientalesche Flair mat op d’Bün a weisen eng Rei vun indeschen Dänz, déi een esou selten zu Lëtzebuerg gesäit.

De ganzen Dag iwwer, weisen si hei ëmmer erëm wat si kënnen.

Mëttes

Géint 12:05 Auer steet den offiziellen Deel vum Dag un, an dat mat engem kuerze „Mot de bienvenue“ vum Schäfferot. Dono geet et da wieder mat Animatioun a Musek. Verschidde Kënschtler aus verschiddene Museksrichtunge stinn hei um Programm: Luis Brandão, DJ Damy Varela, Duke Box – Swing Dance Luxembourg, d’Ernestina Horta mat Band a Samba de Lux.

Fir vill Ofwiesslung an déi richteg Nouten ass also gesuergt.

Wien also nei zu Esch ass oder seng Stad wëll nei entdecken ass ab 10:30 Auer op der Brillplaz an am Haff vun der Brillschoul op der richteger Plaz.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Emile Hengen, Ville d‘Esch

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom