RC Les Furets – Eng Rugby-Schoul zu Esch
Säit knapp zwee Joer sinn si aktiv zu Esch a scho brodelt erëm an de Käpp vum Escher Rugbyveräin Les Furets. Fir d’Rentrée 2024 starten si nämlech déi éischt Rugbyschoul zu Esch. Hei kënnen déi Jonk d’Léift fir de Rugbysport entdecken an dobäi sportlech richteg aktiv ginn.
Eng nei Iddi
Bis nach viru kuerzem gouf et just eng Seniors Ekipp bei Les Furets, also eng Ekipp fir déi Erwuessen, déi och mat de Fraen zesummentrainéiert huet. „Mär hätte gären eng Ekipp déi esou inklusiv ass wéi méiglech, zum Beispill mat Rollstull-Rugby an natierlech och eng Rugby-Schoul fir d‘Kanner“, erkläert de Philippe Létalon, Coach vun der Rugby Schoul RC Les Furets. Schwéier fir dëse Projet ze lancéiere war et net. D’Strukturen an den Terrain ware schonn do an et huet just e bësse Werbung a Material gefeelt fir lasszeleeën.
Éischten Echo
No e bësse Reklamm iwwer sozial Netzwierker hunn sech och schonn déi éischt Kanner gemellt. „Mär hunn elo ongeféier 12 Kanner, déi ugemellt sinn, a mär hoffen, dass nach méi bäikommen wann d’Schoul bis erëm ufänkt“, erzielt de Philippe weider. Hei zielen d’Furets op de „Bouche à l’oreil“ tëschent de Kanner am Schoulhaff a verschidden Aktiounen déi si wäerten organiséieren, wéi zum Beispill Flyere verdeelen. All Kand tëschent 4 an 12 Joer, egal ob Jong oder Meedchen, kann sech mellen.
Einfach matmaachen
Speziell Viraussetzungen oder Kenntnisser vum Sport sinn och net néideg, dofir ass d’Rugbyschoul do. Jidderee kann einfach op den Training kommen a sech dat ukucke, falls en sech net direkt traut matzemaachen. „Ausser Turnschong brauch een am Ufank näischt Besonnesches. Dat néidegt Material – Hittercher, Bäll, asw. – hu mär“. Ab dem 21. September, all Samschdeg vun 10:30 bis 12:00, ass et dann un deene Klenge fir Rugby ze spillen. Dobäi komme nach verschidden Eventer vun der Lux League am Verlaf vum Joer.
Speziellen Training
„Et geet virun allem drëms, de Rugby ze entdecken an dobäi Spaass ze hunn. Och op klenge Turnéier geet et éischter drëms de Sport ze verbreede, wéi kompetitiv un déi Saach erunzegoen“, erkläert de Luigi Bernardini, Spiller a Matbegrënner vum RC Les Furets. Encadréiert ginn déi Jonk vun den Trainere vum RC Les Furets. Nodeems si scho vill Erfarung mam Training fir déi Erwuesse gesammelt hunn, maachen dräi vun de Coache momentan eng speziell Formatioun, déi zesumme mat der FLR (Fédération Luxembourgeoise de Rugby) a mat World Rugby ofgehale gëtt. „Jidderee kritt eng bestëmmten Alterskategorie, fir dass déi Kleng net géint déi Grouss spille mussen, asw.“, erkläert de Philippe.
Passioun fir de Rugby
D’Leidenschaft mat där de Philippe an de Luigi un hire Sport eruginn, spiert ee vu vir eran an dëst wëllen si och de Kanner vermëttelen.„Et geet bei eis virun allem ëm de Spaass an net drëms, déi nächst Weltmeeschterschaft ze gewannen“, seet de Luigi. Si freeën sech drop de Kanner eng Sportaart méi no ze bréngen, déi si vläicht nach net esou gutt kennen. „Jo, dat wichtegst ass dass ee keng Angscht muss hunn an einfach ka matmaachen. Och d’Eltere kënne kucke kommen a sech iwwerzeege loossen“, erzielt de Luigi. „Jidderee gëtt wierklech häerzlech wëllkomm geheescht an déi, déi sech net direkt trauen, kënnen einfach eemol kucke kommen. D’Ambiance ass respektvoll, jidderee soll sech wuelfillen a Spaass hunn. Et ginn och Alternativen zum Fussball an dem Basket“, seet de Philippe.
Jiddereen dee Froen huet, ka sech per Email bei de „Furets“ mellen: ecole(@)rclesfurets.com (ouni d’Klammeren).