Restaurant Pantanal – Original brasilianesch

Restaurant Pantanal – Original brasilianesch
Gastronomie

Den Eder, méi bekannt als Edinho, ass en Expert wat d’Restauratioun ubelaangt. Am Laf vu senger Karriär huet hie schonn a ville Länner an der Restauratioun geschafft. Säit e puer Joer ass hien awer fest zu Lëtzebuerg, an huet viru kuerzem zu Esch de Restaurant Pantanal opgemaach.

Brasilianesch Wuerzelen

Am Restaurant Pantanal fënnt een esou munches, wat aus dem Eder senger Heemecht Brasilien kënnt. Esouguer den Numm vum Restaurant baséiert op der Regioun, wou hien hierkënnt. Nieft dem Numm huet hien awer och eng ganz Rei Spezialitéite matbruecht. Zwou dovunner stiechen besonnesch eraus. Déi éischt ass de klassesche brasilianesche Rodizio oder Picanha. Hei kritt ee säftegt Fleesch vum Spiiss mat enger ganzer Rei verschiddene Garnituren.

Pizza a volonté

Déi zweet Spezialitéit ass d’Konzept vun der Pizza à volonté. Hei kann ee fir e feste Präis esou vill Pizza iesse wéi ee wëll, oder wéi een ebe packt. Dës Formule, déi et nëmmen owes gëtt, kënnt och aus der Regioun a Brasilie, wou den Eder opgewuess ass, an ass do ganz beléift. Hei huet een dann de Choix tëschent verschiddene klasseschen italieenesche Pizzaen, spezielle brasilianesche Pizzaen an esouguer séisse Pizzaen als Dessert.

Erfarung

A senger laanger Karriär war den Eder eng Zäit responsabel fir d’Erëffnung vu verschiddene Restauranten. Fir de Pantanal zu Esch huet hien sech e Pizzaiolo mat vill Erfarung zur Säit gezunn. Den Ignazio Cipolla fiddert den traditionelle Pizzauewen all Owend mat de Clienten hire Commanden. Virdrun huet hie 35 Joer laang den Alla Fornace gefouert, just vis-à-vis vun do wou elo de Restaurant Pantanal ass. Fir den Eder ass hien gär aus der Pensioun komm. Roueg doheem sëtze loung him no sou vill Jore Restauratioun net wierklech.

Qualitéit vum feinsten

Nieft dem Rodizio an de Pizzaen, ginn et am Restaurant Pantanal nach eng ganz Rei aner Platen. Sou huet d’Clientèle de fräie Choix a sicht eppes eraus wat hinne gefält. Fir dass déi verschidde Platen och gutt schmaachen, ass fir den Eder d’Qualitéit vun de Produiten dat Wichtegst. Dofir setzt hie komplett op frësch Wuer a selwer zoubereete Platen. Déi néideg Zäit muss een sech an der Kichen huele fir dass d’Clienten duerno zefridden a mat vollem Bauch heemginn.

Sou kann een am Pantanal e komplett brasilianesche Menü genéissen, vun der Entrée bis bei de Plat. Och fir den Dessert kann een zum Beispill en typpesch brasilianeschen Açai Bowl genéissen zesumme mat enger Caipirinha.

Wuelfillen

Fir den Eder ass e Restaurant méi wéi just eng Plaz fir eppes z’iessen; et soll een sech och wuelfillen an ëmmer gären erëmkommen. Déi wichtegst Zutate fir e gudde Restaurant leie fir hien deemno op der Hand: d’Qualitéit vun de Produiten, d’Relatioun mat de Clienten an eng gutt Ambiance. D’Resultat ass de Restaurant Pantanal, wou den Eder nieft 100% brasilianeschem Iessen och e bësse vu senger multikultureller Erfarung matbréngt.

Dëse kënnt och beim Catering Service vum Eder zum Asaz. Hei kënnt eng ganz Ekipp op d’Plaz fir privat oder aner Eventer a preparéiert an zerwéiert hei hiren original brasilianesche Rodizio. Ausserdeem kann een all d’Platen aus dem Pantanal och geliwwert kréieren oder fir Take-Away siche kommen. Dem Eder seng brasilianesch Wuerzelen, seng Zäit a Portugal, Spuenien an Däitschland, sou wéi den original sizilianesche Pizzaiolo an natierlech d’Escher Kultur kommen hei zesummen, fir en eenzegaartege Mix dee jiddereen eng Kéier sollt schmaachen.

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom