White House – Déi richteg Moud zu Esch

White House – Déi richteg Moud zu Esch
Shopping

Den Daniel an de Luc Kremer féiere säit bal 30 Joer en erfollegräiche Familljebetrib mat verschiddene Geschäfter am ganze Land. Als gebueren Escher hu si natierlech och an der Uelzechtstrooss hir Butteker. Een dovunner ass d’White House an der Uelzechtstrooss – eng Adress déi säit 20 Joer fir Moud zu Esch steet.

Eng Familljegeschicht

Schonn de Grousspapp vum Daniel a vum Luc hat an der Uelzechtstrooss e Geschäft fir Hitt. Sou krute si de Commerce scho fréi an d’Wéi geluecht. Zu Esch bedreiwe si d’White House an den The Corners. A béide Butteker suergen déi jeeweileg Ekippen ënnert der Leedung vum Yasmine Hahn fir déi néideg Berodung. „De Service um Client a Frëndlechkeet sinn nieft der richteger Atmosphär an enger gudder Relatioun Qualité-Prix mat dat Wichtegst“, erkläert den Daniel.

Multi-Marques

D’White House ass e multi-marques Geschäft, dat heescht, dass een hei Moud vu verschiddene Marke ka fannen. Fir d’Männer sinn dat s.Oliver a PME Legend, a fir d’Frae sinn dat Street One, Zero an och s.Oliver. „Mir hunn hei 300 m2 an e grousse Choix u schéine Produiten, och elo am Moment natierlech fir de Wanter“, seet den Daniel. D’Cliente kënnen hei a Rou stöberen an eppes fir hire Goût fannen. D’Ekipp vum Yasmine hëlleft dobäi. „Eis Meedercher hunn d’Kollektioun och immens gär a kenne se ganz gutt. Si kënnen een dofir ganz gutt beroden“, erkläert hatt.

Eng gemëschte Clientèle

D’Clientèle am White House ass ganz gemëscht a ka vum Alter hir alles tëschent 30 an onendlech enthalen. „Et komme vill Leit, déi hei wunnen oder zum Beispill um Belval schaffen, an awer och ëmmer méi Jonker, déi vu Plaze wéi dem Drupi’s an dem Babbocaffè ugezu ginn“, erzielt den Daniel. Als Escher Bouf war et fir hien och wichteg, an der Uelzechtstrooss ze sinn. „Dat ass primordial. Et ass déi beschte Strooss déi mär hei hunn“, seet hien.

Eng Erfollegsgeschicht

D’White House gëtt et säit ongeféier 20 Joer a konnt sech am Laf vun der Zäit ëmmer erëm adaptéieren. „Alles ännert am Laf vun der Zäit, net just Esch, an et muss een sech upassen“, erzielt d’Yasmine. D’White House mécht dat andeem si ëmmer erëm aner Marken an d’Sortiment bréngen. Sou kënnen d’Clienten déi scho säit laangem kommen och ëmmer erëm eppes Neies entdecken. Dat bréngt dann och ëmmer nei Clientë mat sech. „Et ass nach ëmmer eng ganz gutt Clientèle hei“, seet den Daniel. „Mir si ganz zefridden.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom