Eisen Tipp fir de Weekend: Mantelsonndeg zu Esch

Eisen Tipp fir de Weekend: Mantelsonndeg zu Esch
L'idée du weekend

20.10.2024

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend ass Shopping ugesot an zwar um traditionelle Mantelsonndeg zu Esch.

Eng Traditioun

Der Traditioun no maachen um leschte Sonndeg virun Allerhellegen d’Geschäfter hir Dieren op. D’Iddi dobäi ass, dass d’Leit d’Méiglechkeet hu virum Wanter nach en neie Mantel ze kafen. Sou solle si gutt ekipéiert an de Wanter starten an dat richtegt Gezei hu fir op Allerhellegen d’Griewer séinen ze goen. Jee nodeem wéi Allerhellege fält oder wou et ass, ass et dann och emol dee Sonndeg virdrun, sou wéi dëst Joer.

Fir de Wanter ekipéiert

Zu Esch sinn um Mantelsonndeg natierlech och d’Geschäfter op, an zwar vu 14:00 bis 18:00 Auer. Sou kann een hei gutt dovu profitéiere fir sech nei anzekleeden, e waarme Mantel fir de Wanter ze kafen oder soss eppes Schéines wat een nach brauch. Vill Geschäfter bidden op dësem Dag och extra Promotiounen un. Dofir lount et sech op allefalls emol laanscht ze goen an ze kucke wat et alles gëtt.

E grousse Choix

Zu Esch, a besonnesch an der Uelzechtstrooss, gëtt et dann och e grousse Choix u Butteker wou een eppes ka fannen. Wien elo nach net genau weess wou en hi soll, dee kann einfach gemittlech duerch déi gréissten Akafsstrooss vum Land spadséieren a sech d’Vitrinnen ukucken. Oder et kann een hei um Blog an d‘Rubrik Shopping luusse goen a kucke wat een esou fënnt.

Wien also de Sonndeg nach net verplangt huet, dee fënnt an der Uelzechtstrooss oder soss anzwousch zu Esch bestëmmt säi Gléck an engem vun de ville Butteker.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom