The Corners – Sech nei erfannen

The Corners – Sech nei erfannen
Shopping

Den Daniel an de Luc Kremer féieren eng ganz Rei Geschäfter am ganze Land. Als original Escher hu si natierlech och Butteker zu Esch. Nieft dem White House, gehéiert hinnen och The Corners, wou si Moud vum feinsten ubidden.

E Familljebetrib

Wéi schonn hire Grousspapp virun hinnen, deen zu Esch e Geschäft fir Hitt gefouert huet, sinn den Daniel an de Luc och Spezialisten an der Moud. The Corners gëtt et säit 20 Joer ongeféier an op ganzer 400 m2 kann een hei eng ganz variéiert Gamm u Moudeartikele fir Männer a Fraen entdecken. D’Yasmine Hahn, dat och d‘White House féiert, këmmert sech genau sou och ëm The Corners. „Hei ass et nach méi grouss an et ginn aner Marken aus engem liicht méi gehuewene Segment“, erkläert hatt.

Eng grouss Offer

Iwwer Faarwen a Goûte streit ee bekanntlech net, haaptsächlech well et esou vill verschiddener ginn, besonnesch an der Moud. Deementspriechend mécht et och Sënn nieft dem White House en zweet Geschäft mat enger ergänzender Offer unzebidden. Sou fënnt een hei dann och eng ganz Rei u Marken: Marc O‘Polo, Cartoon, Rich & Royal, comma, Taifun, someday, Opus, More&More, Codello Schalen, a Mac Boxe fir d’Fraen; a fir d’Männer gëtt et Fynch Hatton an och Marc O’Polo.

Nei Saachen ubidden

Déi grouss Offer op 400 m2 erlaabt de Clienten et sech komplett anzekleeden, vu méi casual bis méi schick fënnt een hei alles. Dobäi komme vun Zäit zu Zäit ëmmer nei Marquen dobäi, an anerer ginn aus dem Sortiment geholl. „Mär hunn do e gudde Wee fonnt fir eis ëmmer erëm e bëssen nei ze erfannen an eiser Clientèle nei Saachen unzebidden“, seet d’Yasmine. Dat wier wichteg fir ëmmer relevant ze bleiwen, fir nei Clienten ze kréien an déi aner ze halen.

Moud zu Esch

Och am The Corners ass et dem Daniel an dem Luc wichteg ëmmer e gutt Präis-Leeschtungs-Verhältnis bei de Produiten ze behalen. D’Clientèle, déi gréisstendeels zu Esch schafft, ass hinnen dann och säit Joren trei, wat hinnen eng Bestätegung fir hiert Rezept vum Erfolleg gëtt. Den Daniel an de Luc, zesumme mam Yasmine, suergen deemno säit iwwer 20 Joer dofir dofir, dass jiddereen zu Esch déi Moud fënnt déi bei e passt, an dat zu engem faire Präis.

Wien also nach net am The Corners (oder dem White House) no engem neien Outfit gestöbert huet, dee sollt dat op allefalls eng Kéier maachen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom