57’Alzette – En neit Konzept fir Männer

57’Alzette – En neit Konzept fir Männer
Shopping

Den Alain Kockhans huet jorelaang Erfarung mat sengem Coiffeursalon, mee am Hannerkapp hat hie ganz laang nach eng aner Iddi fir e spezielle „Concept-Store“. Ufank September 2024 si schliisslech zu Esch d’Diere vum 57’Alzette opgaangen.

Eng nei Iddi

Nodeems hie laang Zäit driwwer nogeduecht huet, huet den Alain en neien Challenge gesicht a sech schlussendlech getraut seng Iddi ëmzesetzen. De 57’Alzette ass en neit Geschäft mat verschiddenen Artikele fir Männer: vu Gezei a Schong, bis bei Parfum, Wäin a verschidden Accessoiren. Dat heescht awer net dass just Männer an d’Geschäft kommen oder kommen dierfen. Et ass och eng Ideal Plaz fir e Cadeau ze fannen, zum Beispill fir e Gebuertsdag, Chrëschtdag a virun allem Pappendag.

Verschidde Produiten

Den Alain mécht eng ganz speziell Selektioun bei senge Produiten. Virun allem d’Qualitéit steet op éischter Plaz, dofir fënnt een dann och vill Saachen aus engem méi héije Präis-Segment. „Et ginn awer ganz verschidde Präisser. Sou fannt Där e schéint Hiem fir 70€ an awer och eent fir 500€,“ erkläert hien. Virun allem italieenesch a skandinavesch Marke fënnt ee bei him. „Ech sichen och ëmmer Artikelen déi et hei zu Esch oder zu Lëtzebuerg nach net ginn,“ ergänzt hien.

Gemëscht

Et ass nach fréi fir de 57’Alzette, mee den Alain huet schonn e puer Clienten. „Déi meescht komme vun Esch oder aus der Ëmgéigend. Et mierkt een awer dass nach Leit op Esch komme fir anzekafen,“ seet hien. Virun allem d’Männer kommen era kucken, a si vun all Alter. Fir den Alain war et dann och wichteg an der Uelzechtstrooss ze sinn: „Ech sinn en Escher an d’Uelzechtstrooss ass mär immens wichteg. Dofir hunn ech och den Numm esou gewielt“, erzielt hien.

E Besuch wäert

De 57’Alzette ass ëmmer e Besuch wäert. Deel vum Konzept ass et nämlech och, ëmmer erëm nei Produiten unzebidden. Vue datt ee vill dovunner just beim Alain kritt, lount et sech ëmmer erëm ze kommen an ze kucke wat et Neies gëtt. Am Géigesaz zum Online-Shop kann den Alain een dann och am Detail beroden an et kann een d’Kleeder zum Beispill direkt umoossen. De Service um Client ass dobäi och en essenziellen Deel vum Konzept.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom